Siddhartha Gautama

Vu Wikipedia
De Siddhartha Gautama mat senge fënnef éischte Schüler

De Siddhartha Gautama, op Sanskrit सिद्धार्थ गौतम Siddhārtha Gautama, op Pali Siddhattha Gotama, gebuer ëm 563 v. Chr. zu Lumbini, a gestuerwe 483 v. Chr., huet als Buddha den Dharma geléiert a gouf domat zum Grënner vum Buddhismus.

Nimm[änneren | Quelltext änneren]

Siddharta, den ursprénglechen Numm, deen hie vu sengen Eltere krut, bedeit "dee säin Zil erreecht huet" oder "den erfëllte Wonsch". Siddhartha Gautama ass d'Sanskrit-Form vum Numm. Op Pali, der Sprooch vun den eelsten iwwerliwwerten Texter vum Buddhismus, heescht e Siddhattha Gotama. Gotama bezéiungsweis Gautama bedeit "Anführer vun der Häerd" oder och "gréisste Stéier".

Nieft der Bezeechnung als Buddha, deen "Erwächten", goufen dem Siddhartha Gautama och aner Éierennimm ginn, dorënner Tathagata (Sanskrit, तथागत, tathāgata, "dee sou dohigeluechten") a Shakyamuni (Sanskrit, शाक्यमुनि, śākyamuni, "de Weisen [aus dem Vollek] vun den Shakya").

Seng Kandheet a Jugend[änneren | Quelltext änneren]

De Buddha ass ëm 563 v. Chr. zu Kapilawastu an nërdlechen Indien, dem haitegen Nepal, gebuer ënner dem Numm Siddharta Gautama. Sai Papp Shuddhodana, Kinnek vum Vollek Shakya, a seng Mamm Mahamaya ware Member vun der Kshatriya-Kast.

Viru senger Gebuert soll den Siddhartha senger Mamm an enger Visioun a Gestalt vun engem wäissen Elefant erschéngt sinn. Hie gouf an enger Vollmoundnuecht zu Lumbini gebuer. Un dësem Dag gëtt haut a ville buddhistesche Länner d'Vesakhfest gefeiert, den héchste buddhistesche Feierdag, un deem een un dem Buddha seng Gebuert, säin Erwächen a senger Entrée zu Parinirvana geduecht gëtt. Dem Siddharta seng Mamm stierft 7 Deeg no senger Gebuert.

Kuerz no der Gebuert vervillfache sech d'Unzeechen datt de Kinneksbouf en ongewéinlecht Kand ass. Doropshi lued de Papp dräi Weiser op den Haff déi dem Siddharta seng Zukunft deite sollen. Si verkënnegen datt hien entweeder e grousse Kinnek a Krieger oder e groussen hellege Mann gëtt, wann hie mam Leed vun dëser Welt a Beréierung kënnt.

De Siddharta kritt eng gutt Erzéiung an Ausbildung. Hie lieft wärend senger Jugend am Luxus, soudatt hie Krankheet a Leed net kennt. Mat 16 Joer bestit de Siddharta du seng Kusin, d'Prinzessin Yashodhara. Si hunn an engem Palais gelieft wou hinnen alles, wat si zum Wuelfille gebraucht hunn, zur Verfügung stoung, soudatt de Siddhartha e just seele verlooss huet.

Den Denkwandel[änneren | Quelltext änneren]

Mä mat der Zäit hat hie keng Freed méi u sengem Liewensstil, hie war onzefridden an onausgefëllt. Kuerz no der Gebuert vu sengem eenzege Jong Rahula ("Sonndeg-Planéit") verléisst hie säi Palais a wandert duerch d'Ëmgéigend. Sou léiert hie fir d'éischt Kéier d'Realitéit vum Liewen an d'Leed vun de Mënsche kennen. Der Legend no ass hien engem verkrëppelten ale Mann begéint, engem Kranken, engem Doudegen a schlussendlech engem Asket, de "véier Zeechen". Him ass et bewosst ginn, datt déi Realitéiten - Alter, Krankheet, Doud a Péng - onzertrennbar mam Liewe verbonne sinn an datt Wuelstand a Räichtum dogéint kee Bestand hunn. Sou huet hie beschloss e Wee aus dem allgemenge Leed ze sichen. Dofir huet e seng Famill verlooss an ass op d'Wanderung gaangen. Hien ass 29 Joer al, wéi sech d'Profezeiung erfëllt.

D'Sich nom Erwächen[änneren | Quelltext änneren]

Hien huet ugefaangen d'Liewe vun engem Asket ze féieren. Dofir huet en d'yogesch Praxis an d'Meditatioun geléiert. Hie war de Schüler vun zwéi brahmaneschen Eremiten, dem Alara Kalama an dem Uddaka Ramaputta, déi gutt ugesi waren. Als éischt praktizéiert hien déi an Indien zu där Zäit verbreete Péng-Askes. Sechs Joer huet en am Dall vum Ganges verbruecht, mä hien huet weeder ënnerlech Rou nach Äntwerte fonnt.

Wéi hien no beim Hongerdoud war huet en erkannt, datt och dëse Wee net dee Wee ass, deen zur Befreiung féiert. Sou huet en déi iwwerliwwert Reliounen an hir Methoden opginn an huet sech vun do un op d'Meditatioun an d'besëtzloost Liewe vun engem Heesche-Mënch, ouni streng Askes, konzentréiert. Sou wollt hie säin eegene Wee fannen.

Eng Rëtsch Jore méi spéit, wei de Siddhartha schonn Buddha gi war, ass seng Fra Yasodhara mat der Schwéiermamm Pajapati, déi hien erzunn hat, als Nonn an den Uerde vum Buddha agetrueden an ass schlussendlech eng Arhat ginn.

D'Erwächen[änneren | Quelltext änneren]

Am Alter vu 35 Jore souz de Siddhartha an enger Vollmoundnuecht an déifster Versenkung ënner enger Pappelfig (haut, zur Erënnerung un d'Erwäche vum Buddha, als Bodhi-Bam bekannt) wéi hie Bodhi d'"Erwächen", dacks ongenee mat "Erliichtung" iwwersat, erlangt. Haass, Begierd an Onwëssenheet si vun him ofgefall. Hien ass zum "Buddha", zum Erwächte ginn.

No sengem Erwächen huet hien am Wëldpark bäi Isipatana, dem haitege Sarnath, no bei Benares virun enger Grupp vu fënnef Asketen, déi seng fréier Kompanie war, seng éischt Priedegt gehalen. Déi fënnef goufen dunn déi éischt Membere vun der buddhistescher (Mënch) Communautéit (Sangha). De Siddharta wandert no dësem Evenement 45 Joer duerch Nordindien a priedegt seng Léier, dat heescht de "mëttlere Pad", tëscht Luxus an Askes, den aachtfache Pad vun Dugend, Meditatioun a Weisheet, déi zum Erwäche feiere wäert. Dobäi huet hie vun alle Gesellschaftsschichte geschwat, vu Kinneken a Baueren, Brahmanen (Member vun der ieweschter Kast) an Ausgestoussenen, Geldverleiher a Bettler, Hellegen a Raiber. D'Ënnerscheeder vun de Kastenuerdnungen oder déi Verschiddenheete vun de soziale Gruppéierungen huet hien net unerkannt. De Wee deen hie gepriedegt huet, stoung all de Männer a Fraen op, déi bereet waren, de Wee ze verstoen an ze goen.

Seng Schüler zeechne sech no baussen hin mat engem geschuerene Kapp an engem giele Gewand aus. An der Zäit grënnt hien och en Uerde fir Pateren an Nonnen, de "Sangha".

Lescht Rees[änneren | Quelltext änneren]

Am Alter vun 80 Joer ënnerhëlt de Siddharta seng lescht Rees. Begleet gëtt hie vun sengen Unhänger. Dat wuel bekanntst Evenement op dëser Rees ass warscheinlech wéi de Siddharta sech um "Geierbierg" mat enger Lotusblumm an der Hand viru seng Begleeder stellt an hinne verkënnegt, datt säi Geescht a seng Intelligenz op dës Lotusblumm iwwergaange sinn.

Am Joer 483 v. Chr. stierft de Buddha am Alter vun 80 Joer an der Géigend vum Bësch vum Kushinagar an engem Klouschter nodeem hie sengen Unhänger un d'Häerz geluecht huet, seng Léier weider ze verbreeden. Domat geet hien an de Pari-Nirvana an, no deem et keng Widdergebuert gëtt.

De Buddhismus[änneren | Quelltext änneren]

De Siddharta steet als Grënner vun der buddhistescher Relioun a Léiertraditioun an Indien. De Buddhismus berifft sech op d'Léier vum Siddharta. Dofir fänkt déi buddhistesch Zäitrechnung mam Doudesdag vum Siddharta un.

Fir ze liesen[änneren | Quelltext änneren]

  • Walpola Rahula: What the Buddha Taught: Revised and Expanded Edition with Texts from Suttas and Dhammapada, Grove Press

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Siddhartha Gautama – Biller, Videoen oder Audiodateien