Askes

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
De Buddha als Asket
(Skulptur aus dem 2./3. Jh.)

Askes (gr. ἄσκησις - áskēsis) ass een aus dem algriichesche Verb askeín (ἀσκεῖν) ofgeleete Begrëff an heescht sou vill wéi "üben". Zanter der Antikitéit bezeechent Askes eng Übungspraxis, an där et virun allem ëm eege Schoulung a reliéis oder philosophesch Motivatioun geet. Ugestrieft gëtt domat, iwwer Dugenden oder aner Fäegkeeten ze verfügen. Selbstkontroll a Festegung vum Charakter sinn och wichteg Elementer vun der Askes.

An enger asketescher Schoulung geet et virun allem dorëms, d'Denken an d'Verhalen ze disziplinéieren. Dozou gehéiert op der positiver Säit dat zéit Anübe vun Dugenden a Fäegkeeten, an op der negativer Säit d'Vermeide vun Allem, wat der Iwwerzeegung vun den Asketen nom Erreeche vun hiren Ziler am Wee steet.

Den Ausgankspunkt vun der Askes besteet aus der Iwwerzeegung, datt eng disziplinéiert Liewensweis d'Beherrsche vun de Gedanken an den Instinkter viraussetzt. Déi opfällegst Auswierkung vun der Askes besteet awer aus dem fräiwëllege Verzicht op bestëmmt Bequemlechkeeten, déi den Asket dann och fir hënnerlech a mat sengem Liewensideal onvereinbar hält. Meeschtens betrëfft dat Beräicher vu Genossmëttelen an der Sexualitéit. Dobäi kommen nach Moossname fir kierperlechen a geeschtegen Äifer, a verschiddene Fäll och Übungen, déi op d'Erdroe vu kierperlecher Péng ausgestallt sinn.

Hautdesdaags gëtt dat d'Wuert Askes nëmmen nach op den allgemengen Aspekt vun der fräiwëlleger Enthaltsamkeet ageengt. Déi Enhaltsamkeet soll dann zum Erreeche vun engem héichwäertegen Zil féieren. An deem Sënn kann déi reliéis oder déi philosophesch Motivatioun an den Hannergrond trieden oder ganz ewechfalen.