Saint-Pierre a Miquelon
| Saint-Pierre a Miquelon | |
|---|---|
|
| |
|
| |
| Geographie | |
| Kontinent | Nordamerika |
| Land | Frankräich |
| Läit an/am | Atlanteschen Ozean |
| Koordinaten | 46°51'N, 56°18'W |
| Fläch | 242 km² |
| Verwaltung | |
| Verwaltungseenheet | Frankräich |
| Haaptuert | Saint-Pierre |
| Demographie | |
| Awunner | 5.974 |
| Awunnerdatum | 1. Januar 2019 |
| Aner Informatiounen | |
| Zäitzon | UTC-3 |
| Wärung | Euro |
| Nationalhymn | La Marseillaise |
| Internet TLD | .pm |
| Internat. Telefonsprefix | +508 |
|
| |
|
| |
Saint-Pierre a Miquelon (offiziell: Collectivité territoriale de Saint-Pierre-et-Miquelon) ass eng kleng Inselgrupp, déi zu Frankräich gehéiert. Si läit am Atlantik, ronn 25 Kilometer ëstlech vun der kanadescher Insel Neifundland.
Awunner
[änneren | Quelltext änneren]Op den Insele wunnen ëm déi 6.000 Mënschen. Vum Éischte Weltkrich bis zum Enn vum 20. Joerhonnert ass d'Bevëlkerung lues an d'Luucht gaangen; zënterhier ass se nees liicht zréckgaangen. 2024 louch d'Bevëlkerung bei 6.041 Leit, dovu 607 an der Gemeng Miquelon-Langlade a 5.434 an der Gemeng Saint-Pierre.[1]
D'franséisch Sprooch, déi zu Saint-Pierre a Miquelon geschwat gëtt, gläicht där vun der Normandie a vun der Bretagne. D'Awunner stamen haaptsächlech vun normanneschen, bretoneschen, a baskesche Siidler of. Obwuel et net vill Leit gëtt, déi vun den Akadier ofstamen, hu relativ vill Awunner englesch oder iresch Wuerzelen. Dat ass op déi vill Verbindungen tëscht de Siidler mat jonke Fraen zréckzeféieren, déi vun der Küst vun der Insel Neifundland niewendru koumen, fir am Stot ze schaffen, besonnesch am 19. Joerhonnert a bis an d'Mëtt vum 20. Joerhonnert.
Englesch ass wäit verbreet a gëtt vun der Majoritéit vun der Bevëlkerung an der Reegel als Zweetsprooch geschwat.
Geographie
[änneren | Quelltext änneren]D'Inselgrupp besteet am Weesentlechen aus der klenger Insel Saint-Pierre (26 km² grouss a vu Südwesten no Nordosten 8 km laang), ronderëm déi nach e puer Inselcher leien, an aus der méi grousser Insel Miquelon (216 km² grouss a vun Norden no Süde 40 km laang). Se si vun engem ronn 5,5 km laange Kanal getrennt, dee "La Baie" genannt gëtt.
Miquelon besteet selwer aus dräi Hallefinselen: dem Cap am extremen Nordwesten, der Grande Miquelon (110 km²) am Norden, an der Langlade oder Petite Miquelon (91 km²) am Süden. Déi zwou leschtgenannt Hallefinsele sinn zënter 1783 iwwer eng laang sandeg Landsträif verbonnen, déi sech warscheinlech wéinst de ville Schëffswracke forméiert huet, déi do an der Géigend leien. Déi Sträif ass awer vun Erosioun menacéiert.
Politik
[änneren | Quelltext änneren]St. Pierre a Miquelon stellen dat duer wat schliisslech vun der franséischer Kolonie Neifrankräich iwwereg bliwwen ass. D'Awunner si franséisch Staatsbierger, déi hiren eegene Vertrieder an d'Nationalversammlung wielen, a bei de Senats- a Presidentschaftswale matmaachen.
D'Inselgrupp ass e franséischt Iwwerséigebitt a keen integrale Bestanddeel vun der Europäescher Unioun. Si zielt net zum Schengen-Raum an net zum europäeschen Zollgebitt, mee ass awer en Deel vun der Eurozon.
Ekonomie
[änneren | Quelltext änneren]De wichtegste Wirtschaftssecteur ass d'Fëscherei, besonnesch d'Verschaffe vu Crustacéen a Muschelen. Donieft gëtt awer och den Tourismus ëmmer méi bedeitend. De gréissten Handelspartner ass Kanada.
Biller
[änneren | Quelltext änneren]-
Kaart vun den Inselen.
-
Kaart mat der exklusiver Wirtschaftszon vum Gebitt
-
Vue op d'Haaptstad Saint-Pierre.
-
De Wanter zu Saint-Pierre.
-
Den Hafe vu Saint-Pierre.
-
D'Kathedral zu Saint-Pierre.
-
E Schëffswrack op der Miniinsel Île aux Marins.
-
Vue op d'Anse du gouverneur op der Hallefinsel Langlade.
-
Den Hafe vu Miquelon am Wanter.
-
Landschaft op Miquelon.
-
Vue op Miquelon-Langlade vum Calvaire aus.
-
Zwéi vu ville Séihënn op den Inselen.
-
D'Fêtes basques (2019).
-
De Fändel vu Saint-Pierre a Miquelon.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Saint-Pierre and Miquelon – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Insee; Recensement de la population; Populations légales en vigueur à compter du 1er janvier 2024; Communes; 975 SAINT-PIERRE-ET-MIQUELON (Dezember 2023)
