Baugnez

Vu Wikipedia
Baugnez
De Memorial zu Baugnez
Land Belsch
Regioun Wallounien
Communautéit Franséisch Communautéit
Provënz Léck
Arrondissement Verviers
Gemeng Malmedy
Koordinaten 50° 24’ 12.92’’ N
      06° 04’ 00.08’’ O
Telefonszon 080
Postcode 4960

Baugnez ass eng belsch Uertschaft an de cantons de l'Est an der Gemeng Malmedy. Bis zur belscher Gemengereform 1977 huet Baugnez zu der Gemeng Bévercé gehéiert.

An der Zäit vun der Ardennenoffensiv gouf Baugnez traureg bekannt duerch de Massaker bei deem eng Unitéit vun der Waffen-SS ënner dem Kommando vum Lt.-Colonel Peiper 84 amerikanesch Krichsgefaangen ëmbruecht hat.

E Memorial op der Kräizung vu Baugnez erënnert un déi traureg Episod aus dem Zweete Weltkrich, grad sou wéi e Musée, de Baugnez 1944 Historical Center.

Eng Maark: Ici fut arrêté l'envahisseur Hiver 1944-1945 steet um Eck vun der Route du Monument an der Route de Waimes fir ze weisen datt et op där Plaz mam Däitsche Virmarsch eriwwer war.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Mémorial américain de Baugnez (Malmedy) – Biller, Videoen oder Audiodateien
Uertschaften an der Gemeng Malmedy

Sektiounen: Bellevaux-LigneuvilleBévercéMalmedy
Aner Uertschaften: Arimont · Baugnez · Bernister · Boussire · Burnenville · Chevofosse · Chôdes · Cligneval · Falize · Floriheid · Gdoumont · Géromont · Gohimont · Hédomont · Lamonriville · Lasnenville · Longfaye · Meiz · Mont · Planche · Pont · Reculemont · Ronxhy · Warche · Winbomont · Xhoffraix