Justine Henin

Vu Wikipedia
Justine Henin
Gebuer 1. Juni 1982
Léck
Nationalitéit Belsch
Aktivitéit Tennisspiller
Gréisst 167 Zentimeter
Gewiicht 57 kg
Spillhand Rietshänner

D'Justine Henin, gebuer zu Léck den 1. Juni 1982, ass eng fréier belsch Profi-Tennisspillerin.

Hir gréisst sportlech Erfolleger waren de Gewënn vu siwe Grand-Slam-Titelen am Eenzel, d'Goldmedail bei den Olympesche Spiller vun Athen souwéi Gewënnerin bei de WTA Tour Championships 2006 an 2007. Als sechst Spillerin vun der Tennisgeschicht war si zesummegerechnet iwwer 100 Wochen un der Spëtz vun WTA-Weltranglescht, an an de Joren 2003, 2006 an 2007 huet si d'Saisoun als Nummer 1 vun der Welt ofgeschloss.

Wärend enger Pressekonferenz de 14. Mee 2008 huet si onerwaart a mat direkter Wierkung hire Récktrëtt als Spillerin bekannt ginn. Domat ass d'Justine Henin déi bis elo eenzeg Tennisspillerin, déi als amtéierend Nummer 1 vun der Tennis-Weltranglescht zeréckgetrueden ass.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Justine Henin – Biller, Videoen oder Audiodateien