Numa Charlier

Vu Wikipedia
Numa Charlier
Gebuer 17. Juni 1893
Schaerbeek
Gestuerwen 16. Mee 1940
Nationalitéit Belsch
Aktivitéit Ingenieur

Den Numa Charlier gebuer de 17. Juni 1893 zu Schaerbeek a gestuerwen de 16. Mee 1940 zu Seraing war e belschen Offizéier an de leschte Festungskommandant vum Fort de Boncelles.

Den Numa Charlier hat sech am Éischte Weltkrich fräiwëlleg an déi belsch Arméi engagéiert, an nom Krich ass hie bei der Arméi bliwwen, an ass op d'Militärschoul gaangen, déi hien 1928 als Ingenieur ofgeschloss huet.

Gläich duerno gouf hien 1929 als jonken Offizéier am Rang vun engem Capitaine Kommandant vun der Festung vu Boncelles op de Koppe vu Seraing, eng vun den ale Festunge vum Lécker Festungsrank, déi nach vum Brialmont gebaut gi waren.

1935 huet hien en Avancement refuséiert fir kënne Kommandant vun der Festung ze bleiwen.

Am Ufank vum Zweete Weltkrich goufen no massiven Artilleries- a Loftattacken, d'Entréeë vun der Festung déi sech net méi verdeedege konnt, vun engem Sprengkommando vun der Wehrmacht, an der Nuecht vum 14. op de 15. Mee an d'Luucht gejot. Den Numa Charlier ass duerch den Drock vun de Sprengunge mat enger grousser Parti vun der Besatzung ëm d'Liewe komm.

De Fort de Boncelles war déi eenzeg Festung an der Belsch déi sech net erginn hat.

Fir un hien z'erënneren, gouf zu Boncelles eng Strooss no him benannt, d'Rue du Commandant Charlier.