Désiré-Joseph Mercier

Vu Wikipedia
Désiré-Joseph Mercier
Gebuertsnumm Désiré Félicien François Joseph Mercier
Gebuer 21. November 1851
Braine-l’Alleud
Gestuerwen 23. Januar 1926
Bréissel
Nationalitéit Belsch
Educatioun Kathoulesch Universitéit vu Léiwen
Aktivitéit Philosoph, Theolog, Universitéitsprofesser, kathoulesche Priister, kathoulesche Bëschof
Member vun Accademia delle Scienze di Torino

Den Désiré-Joseph Mercier, gebuer den 21. November 1851 zu Braine-l'Alleud, a gestuerwen den 22. Januar 1926 zu Bréissel, war e belsche Geeschtleschen, Theolog, Philosoph a Philosophiesprofesser op der (deemools nach net gedeelter) Kathoulescher Universitéit vu Léiwen. Hie gouf 1906 Äerzbëschof vu Mechelen, an domat de Primas vun der Belsch. 1907 huet de Poopst hien zum Kardinol erhuewen.

Etappe vu sengem Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Den Désiré-Joseph Mercier gouf de 4. Abrëll 1874 zum Priister geweit. Dräi Joer drop, 1877, huet e säin Doktorat an der Theologie gemaach.

Hie gouf Philosophiesprofesser op der Kathoulescher Universitéit vu Léiwen an huet, mat der Ënnerstëtzung vum Poopst Leo XIII., den Enseignement vun der thomistescher Philosophie an der Belsch agefouert. Dofir huet hien och d'Revue Néo-scolastique dirigéiert, eng Publikatioun, déi d'Aarbecht vun der philosophescher Schoul rëmgespigelt huet, déi selwer aus dem Institut supérieur de Philosophie ervirgaange war (am Fong, aus der Aktivitéit rondrëm de fréiere Léierstull vum Mercier zu Léiwen). Den D.-J. Mercier ass och eng markant Figur vum Ekumenismus a sénger Ufangsphas.

Wärend dem Éischte Weltkrich huet de Kardinol Mercier géint déi däitsch Besetzung protestéiert an d'passiv a moralesch Resistenz ënnerstëtzt. Déi Däitsch hunn, am Kader vum hirem Pangermanismus, déi flämeschsproochesch Bevëlkerung deemools favoriséiert, an de Mercier, deen de Widderstand géint Däitschland encouragéiert huet, ass dunn och als Vlamingenhater betruecht ginn.

1918 gouf de Kardinol Mercier Doctor honoris causa vun der Jagiellonen-Universitéit vu Krakau, dat kuerz nodeem Polen erëm onofhängeg gi war.

Publikatiounen (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • Le modernisme, sa position vis-à-vis de la science, sa condamnation par le pape Pie X; édité par L'Action catholique, 1907.
  • Le Cardinal Mercier contre les Barbares. Lettres, Mandements, Protestations du Primat de Belgique pendant l'Occupation allemande; éditions Blond & Gay, 1917.
  • OEuvres pastorales; éditions Warny, 1914.