André Grétry

Vu Wikipedia
André Grétry
Gebuertsnumm André-Ernest-Modeste Grétry
Gebuer 8. Februar 1741
Gestuerwen 24. September 1813
Montmorency
Nationalitéit Frankräich, Prënzbistum Léck
Aktivitéit Komponist, Schrëftsteller
Member vun Académie des beaux-arts

Den André-Ernest-Modeste Grétry gebuer den 8. Februar 1741 zu Léck, a gestuerwen de 24. September 1813 zu Montmorency, war e belsche Komponist.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Dem Grétry seng Statu zu Léck

Obscho säi Papp Violonist war, huet den André Grétry am Ufank net vill Begabung fir d'Musek gewisen. Hien huet Gesank, Generalbass a Kompositioun geléiert. Säi Wëssen iwwer de Gesank an déi italieenesch Musek, hunn hien dozou bruecht fir Operen ze schreiwen. Seng éischt Oper Isabelle et Gertrude huet hie 1766 zu Genf geschriwwen. Eng Plack an der Grand-rue zu Genf, un dem Haus, an deem hie gewunnt huet, erënnert dorun.

Den 3. Juli 1771 huet hie sech mat der Jeanne-Marie Grandon bestuet. Si war d'Duechter vun engem Moler vu Lyon, dem Charles Grandon.

No dem Succès dat säi Stéck Huron 1768 zu Paräis hat, huet hien eng 15 Operen an iwwer 40 Opéra-comiques geschriwwen. Hie gouf Directeur de la Musique vun der Kinnigin, an no der Revolutioun, huet den Napoléon d'Hand iwwer hie gehalen, an e gouf Chevalier vun der Légion d'honneur gemaach.

Hie krut 1795 eng Nominatioun an d'Academie, an hien huet sech op Montmorency, an déi fréier Proprietéit vum Jean-Jacques Rousseau zeréckgezunn.

Hie gouf um Père Lachaise-Kierfecht begruewen, a säin Häerz, dat 1842 an d'Belsch zeréckkoum, läit a senger Statu, zu Léck virun der Oper.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]