Maxime Prévot
Ausgesinn
| Maxime Prévot | |
|---|---|
|
| |
| Gebuer |
9. Abrëll 1978 Mons |
| Nationalitéit | Belsch |
| Educatioun | Universitéit vu Léiwen |
| Aktivitéit | Politiker |
| Partei | Les Engagés, Centre démocrate humaniste |
| Fonctioun | Buergermeeschter vun Namouer, Deputéierten |
|
| |
De Maxime Prévot, gebuer den 9. Abrëll 1978 zu Mons, ass e belsche Politiker (Les Engagés).
Hien ass (Stand: Mäerz 2021) zanter 2012 Buergermeeschter vun Namouer, an zanter 2019 President vu senger Partei Les Engagés (fréieren Numm: cdH).
Vun 2009 bis 2014, an dann nees 2017 bis 2019 war hie Deputéierten am wallounesche Regionalparlament. Dertëscht war hie wallounesche Minister fir Ëffentlech Bauten, fir Gesondheet, Soziales a fir Patrimoine.
2007 bis 2009 war hien Deputéierten am belsche federale Parlament.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Maxime Prévot – Biller, Videoen oder Audiodateien |
