Op den Inhalt sprangen

Les Engagés

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Centre démocrate humaniste)
Les Engagés
Presidentin Maxime Prévot
Vizepresidenten André Antoine
Melchior Wathelet
Generalsekretär Eric Poncin
Gegrënnt 1945 als PSC-CVP
1972 als PSC
2002 als cdH
2022 als Les Engagés
Parteizentral Rue des Deux Églises 41
1000 Bréissel
Memberszuel 26.069
(2010)
Ideologien Zentrismus
Humanismus
virun 2022: Chrëschtdemokratesch-sozial
Politesch Positioun Liberal
Europäesch Affiliatioun ALDE
Europäesch Parlamentsgrupp Fraktioun Erneier Europa (Renew Europe)
Faarf Turquoise
Chamber
14/150 Sëtz
Senat
5/60 Sëtz
Websäit www.lesengages.be

Les Engagés, kuerz LE, ass eng zentristesch Partei an den zwou frankophone Regioune vun der Belsch.

D'Parti catholique („Kathoulesch Partei“) ass no de Liberalen déi zweeteelst Partei an der Belsch; si gouf 1884 gegrënnt. Nom Éischte Weltkrich huet si sech 1921 an Union catholique belge (UCB) ëmgenannt, ab 1936 housch se Bloc catholique belge. Nom Zweete Weltkrich gouf si d’Parti social-chrétien (PSC), déi zesumme mat de Sozialisten a Liberalen iwwer Joerzéngten d’politesch Landschaft an der Belsch dominéiert huet an och vill Regierungscheffe gestallt huet. D'PSC war am Ufank unitaire, ier se sech 1968 an eng flämesch Partei (haut Christen-Democratisch en Vlaams – CD&V) an eng frankophon Partei opgespléckt huet. Déi frankophon PSC huet sech 2001 an Centre démocrate humaniste (cdH) ëmbenannt a gouf 2022 zu Les Engagés.[1]

D’Partei war laang eng vun de dräi dominanten a Regierungsparteien am franséischsproochege Süden. 2003 krut si 5,5 %, 2007 6,1 % an 2010 5,7 % vun de Stëmmen.[2] Haut steet d’Partei éischter an der Mëtt-Lénks, a setzt sech besonnesch fir e staarke Sozialstaat an, deen dem manner räiche Wallonien entgéintkënnt.[3]

Op engem Parteikongress am Mäerz 2022 zu Bréissel gouf eng geplangt Ännerung vum Numm an Les Engagé(e)s („D’Engagéiert“) ugekënnegt. Dobäi gouf och en neit „Manifest“ als Parteiprogramm virgestallt, ouni Relioun, mat Fokus op eng "regeneréiert Gesellschaft" (pour une société régénérée). Béides gouf um nationalen Parteikongress de 14. Mee 2022 zu Léiwen mat 100 % Zoustëmmung ugeholl.[4]

No den Europawalen 2024 huet LE d’EVP verlooss a sech der Europäescher Demokratescher Partei ugeschloss.[5]

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. A.C.: En 2014, près de huit électeurs du CDH sur dix se déclaraient catholique La Libre (Belgique) 30. Mäerz 2022, Säit 5
  2. Dieter Nohlen, Philip Stöver (Hrsg.): Elections in Europe: A Data Handbook. Nomos, Baden-Baden 2010, S. 301.
  3. Claus Hecking: Das Parteiensystem Belgiens. In: Oskar Niedermayer u. a. (Hrsg.): Die Parteiensysteme Westeuropas. Wiesbaden 2006, S. 41–67, hei 53 f.
  4. [https://www.lesoir.be/442230/article/2022-05-14/les-engages-adoptent-leur-manifeste-apres-deux-ans-de-debats Namensänderung: Les Engagés adoptent leur manifeste après deux ans de débats]. Le Soir, 14. Mee 2022 (Franséisch), Gekuckt den 20. Mee 2022.
  5. [https://www.lesengages.be/actualite/communique-de-presse-les-engages-rejoignent-le-parti-democrate-europeen-pde/ Les Engagés rejoignent le Parti Démocrate Européen] (Les Engagés, 20. Juni 2024 (Franséisch), Geguckt den 20. Juni 2024).