Op den Inhalt sprangen

Josyane Lemaître

Vu Wikipedia
Josyane Lemaître
Gebuer 19. Mee 1958
Gestuerwen 15. Dezember 2017
Nationalitéit Belsch
Aktivitéit Sänger

D'Josyane Lemaître, gebuer den 19. Mee 1958, a gestuerwen de 15. Dezember 2017[1], war eng belsch Sopranistin a lyresch Sängerin.

Si huet haaptsächlech klassesch (barock) Stécker gesongen an huet sech dofir beim Margit Jeremias (Ungarn), an Jill Feldmann (USA) ausgebilt. Aner Perfektiounsstagen huet si beim Ian Honeymann an David Thomas a Groussbritannien an Harry van der Kamp an Holland gemaach. Am romantesche Beräich huet si zesumme mat der däitscher Sängerin Eva Maria Leonardy-Foltz geschafft. Duerno huet si eng Formatioun beim franséische Professer Jean-Pierre Blivet gemaach a war Chouerleederin vu verschiddene klassesche Chéier an der Géigend vu Léck wéi z. B. vun den Erato Singers vun 2010 bis 2017.

Pergolesi, Vivaldi, Haendel, Dumont, Marcello, Albinoni, Purcell, Bach, Telemann, Mozart, Haydn, Brahms, Schubert, Schumann, Mendelssohn, Kreutzer, Gounod.

  • Fir d'Ausstellung Les dieux grecs sans feuille de vigne vum Clem Peltier huet si zesumme mat der Anne de Cleysen Stécker iwwer d'Streidereien an d'Léifte vun de Gëtter opgeholl, mat aacht Opzzeechnunge vu Brahms, Mendelssohn, Caccini a Berlioz. Um Piano de Ph. Wesemael.
  • Eng CD mat Stécker vun Haendel, Bach a Jongen. Um Piano den Emmanuel Nicoletti.
  • Léck: Église du Saint-Sacrement (13. Mee) zesumme mam Quatuor à cordes a mam Orchestre de Chambre Orphée ënner der Direktioun vum Octavian Morea mat Wierker vun L.Chamont, R.Valentini, A.Lucio Vivaldi, W.A.Mozart, J.Haydn, L.van Beethoven, A.Caldara, D.Scarlatti an O.Morea.

Eglise du Saint Sacrement. 132, boulevard d'Avroy 4000 Liège.

  • Bréissel: Vivaldi, Gloria, RV 589 ; Direktioun: Philippe Mercier.
  • Léck: Lemoine, Temple of Spirit ; Direktioun: David Lemoine
  • Léck: Haendel, Neun Deutsche Arien
  • Lëtzebuerg: Monteverdi, Confitebor tibi; Direktioun, Pierre Nimax Jr.
  • Libramont (28. September) Masse vum Schubert: Mass N°2 D167 (sol majeur) a Mass N°4 D452 (do majeur) ënner der Direktioun vun der Marie-Béatrice Nickers an an Zesummenaarbecht mat dem Vokalensemble La Tournerie an dem Orchestre mosan.
  • Bréissel: Haendel, Chandos Anthem N°11: Let God Arise; Direktioun, M. Keustermans.
  • Mat dem Orchester Izhevsk: Mozart, Requiem; Direktioun, D. Menier.
  • Bréissel: Bach, Cantat BWV 85: Direktioun, Philippe Gérard.
  • Léck (14. Mäerz): Beethoven, Mass (do majeur) Gloria; Direktioun, Louis Langrée.
Dëse Concert war eng Reconstitutioun vum historesche Concert vum 22. Dezember 1808.
  • Bréissel: Pergolesi, Stabat Mater; Direktioun, Ulysse Waterlot
  • Léck:Récital vu Brahms a Schumann
  • Léck: Brahms, Zigeunerlieder
  • Léck: Monteverdi, Ave Maris Stella; Direktioun, Octavian Morea
  • Verviers: Jongen, Mass, op.30 a Mendelssohn, Hymne; Direktioun, J.-Michel Allepaerts.
  • Sermizelles (Frankräich) e Mozartconcert, Auszich aus der Zauberflöte
  • Léck: Schubertrecital
  • Bréissel: Bach, Cantat BWV 86 a vum Johann Hermann Schein, Die mit Tränen säen, Direktioun, Julius Stenzel
  • Léck: Mozart, Exultate Jubilate
  • Waterloo: Mozart, Zauberflöte, Papagena; Direktioun, Ulysse Waterlot
  • Herstal: Fête de la musique organiséiert vum Athénéé Royal vun Herstal, Interpretatioun vun Exultate, Jubilate (1-3) vum W. A. Mozart

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Doudesannonce an der Zeitung La Meuse