Alphonse Halleux
| Dësen Artikel entsprécht net de Wikipediakrittäre fir en enzyklopedeschen Artikel. Dat kann dru leien datt Schreif- oder Tippfeeler dran ze fanne sinn, oder en nach net nom Stil vun engem Wikipediaartikel formatéiert gouf. Et kann och sinn, datt den Inhalt net an eng Enzyklopedie gehéiert, sou wéi en am Moment do steet. Fir ze verhënneren datt dësen Artikel eventuell geläscht gëtt, muss en onbedéngt iwwerschafft ginn. Grond: Vill Ausféierleches (vill zevill) iwwer säi Privatliewn, ma sougutt wéi näischt iwwer dat woufir en hei sollt stoen (seng Molerei): Ausbildung, Ausstellungen, Mentiounen op Konschtsäiten, ... Wann e just en Hobbymoler war stellt sech d'Relevanzfro.--Zinneke (Diskussioun) 10:32, 5. Dez. 2025 (UTC) |
| Alphonse Halleux | |
|---|---|
| Gebuer |
15. Mee 1921 Seraing |
| Gestuerwen |
28. Januar 2015 Huy |
| Nationalitéit | Belsch |
| Aktivitéit | Moler |
|
| |

De Joseph Alphonse Halleux, gebuer de 15. Mee 1921 zu Seraing bei Léck, a gestuerwen den 28. Januar 2015 zu Huy, war e wallounesche Moler.
Den Alphonse huet seng Primärschoul zu Seraing gemaach a huet mat 15 Joer eng Léier an der Konfektiounsbranche ugefaange bei den deemolege Konfektiounsatelieren- a Geschäfter La Ville de Paris, wou hie wärend 10 Joer an de Geschäfter zu Seraing an zu Jemeppe geléiert a geschafft huet. Duerno huet hien 2 Joer an engem anere grousse Konfektiounsatelier, den Ateliers Georges, als Responsabele fir Kostümer op d'Mooss geschafft.
An der Tëschenzäit huet den Alphonse, dee mat 12 Joer mat Molen ugefaangen huet, Unterrecht zu Léck op der Académie royale des beaux-arts geholl an huet do am Joer 1935 een éischte Präis (Prix de la Reine Astrid) kritt, deen hien och sollt vun der Kinnigin iwwerreecht kréien, wat awer duerch den trageschen Doud vun dëser just virun der Präisverdeelung net sou geschitt ass.
D'Krichsjoren huet hie bei de 1ers Lanciers de Spa als Zaldot ugefaangen an huet sech bedéngt duerch déi séier Kapitulatioun vun der belscher Arméi an deem Duercherneen deen do entstanen ass, mat 6 aner Zaldotekolleegen zu Fouss wärend 14 Deeg bis op Rouen duerchgeschloen. Leider ass en ze fréi erëm an d'Belsch zeréckkomm wou déi Däitsch hie gezoppt hunn, an en op Frankfurt um Main geschéckt hunn, wou hie fir d'Reichsbahn huet misse schaffen.
Nom Krich huet awer erëm d'belsch Arméi net labber gelooss, wou hien dann als motocycliste am Meldungsdénscht an Irland geschéckt gouf an do awer zimmlech séier Chauffer vum belsche Kommandant an Irland ginn ass.
No sengem Militärdéngscht koum hien zeréck op Léck wou hie bis zu senger Pensioun an de Geschäfter Bon Marché geschafft huet, an do als Chef de Service seng Karriär ofgeschloss huet.
Wärend senger Zäit als Reesender fir déi Firma koum hie vill an d'Areler Land an och op Lëtzebuerg. Eng Partie vu senge Biller weisen och Motiver aus der Areler Géigend a vu Lëtzebuerg, besonnesch vun der Sauer an aus dem Éislek.[Quell?]
