Hubert Brialmont

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Hubert Brialmont
Gebuer 6. November 1807
Seraing
Gestuerwen 17. Juli 1885
Seraing
Nationalitéit Belsch
Aktivitéit Ingenieur


Den Hubert Brialmont gebuer zu Seraing de 6. November 1807, an och do gestuerwen de 17. Juli 1885 war e belschen Ingenieur. Hie war de Brudder vum belsche Generol Henri-Alexis Brialmont.

De Brialmont deen 30 Joer zu Seraing op der Cockerill als Ingenieur geschafft huet, war als Ingenieur um Bau vun der Hänkbréck iwwer d'Meuse tëscht Seraing a Jemeppe bedeelegt. Hien hat och d'Machine du Haut-Pré bei Ans 1842 gebaut. Dat war eng grouss Dampmaschinn déi en Treuil schaffe gedo huet, fir d'Zich vun der SNCB-Linn 36 aus der Gare vu Léck iwwer de Plan incliné vun Ans, deen eng Iddi vum Henri Maus war, op d'Kopp vun Ans ze zéien.