Léon Barbanson

Vu Wikipedia
Léon Barbanson
Gebuer 11. Februar 1843
Bréissel
Gestuerwen 23. September 1912
Arel
Nationalitéit Belsch
Famill
Kanner Gaston Barbanson

De Léon Barbanson, gebuer den 11. Februar 1843 zu Bréissel a gestuerwen den 23. September 1912 zu Arel, war e belschen Offizéier a Geschäftsmann.[1]

Den 21. Juli 1868[1] huet hie sech mat der Wilhelmine[2] ("Mina") Tesch, der Duechter vum Victor Tesch bestuet.

1877, am Alter vu 34 Joer, ass en aus der Arméi ausgetrueden a koum duerno an d'Verwaltungsréit vu bis zu enger 30 Gesellschaften, un deenen d'Société générale de Belgique Undeeler hat. Souwuel säi Papp wéi och säi Schwéierpapp waren an der Direktioun vun där Bank.

Spéider gouf e selwer Direkter vun der Société générale. Vun 1911 bis zu sengem Doud, 1912, war e Vizegouverneur vun där Bank.

Kuerz viru sengem Doud koum en an de Verwaltungsrot vun der Arbed, déi 1911 gegrënnt gi war.

Zu Stackem bei Arel huet en 1897 d'Schlass Château du Bois d'Arlon baue gelooss.

Hie war de Papp vum Gaston Barbanson.

Gielchen[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 (fr)Généalogie de Léon BARBANSON. Geneanet. Gekuckt de(n) 2023-04-22.
  2. Bras de fer vum Charles Barthel, Säit 27