Jean-Pierre Heintz
Ausgesinn
| Jean-Pierre Heintz | |
|---|---|
| Gebuer |
29. Dezember 1821 Lëtzebuerg |
| Gestuerwen |
30. Oktober 1892 Lëtzebuerg |
| Nationalitéit | Lëtzebuerg |
| Aktivitéit | Industriellen |
| Famill | |
| Kanner | Joseph Heintz |
|
| |
De Jean-Pierre Heintz, gebuer den 29. Dezember 1821 an der Stad Lëtzebuerg, an och do gestuerwen den 30. Oktober 1892, war e lëtzebuergeschen Industriellen, deen d'Zigaretten- an Tubaksfabrik Heintz Van Landewyck gegrënnt huet.[1]
Hien huet sech am Januar 1847 mat der Josephine Van Landewyck (1827-1856) bestuet, dem Kandskand vun engem fréieren hollännesche Majouer deen zu Steebrécken eng Wiertschaft opgemaach hat. Am Juli vum nämmlechte Joer huet hien op Nummer 9 an der Neipuertsgaass eng Manufaktur an e Buttek fir Tubak ënner dem Numm Heintz Van Landewyck opgemaach.
