Kierch Déifferdeng

Vu Wikipedia
Kierch vun Déifferdeng

Uertschaft / Plaz Déifferdeng
Konsekratioun 18.12.1955
Architekt(en) René Fournelle
Baujoer 1954
Ofgerappt 2012
Koordinaten 49° 31’ 16.7’’ N
      05° 53’ 15.3’’ O
D'Kierch vun Déifferdeng mam Schantjen niewendrun, September 2012

D'Kierch vun Déifferdeng
mam Schantjen niewendrun, September 2012
D'Kierch vun Déifferdeng
mam Schantjen niewendrun, September 2012
Kierchen - Kapellen

D'Kierch Notre-Dame des Douleurs vun Déifferdeng war eng Kierch am moderne Stil, déi am Joer 1954 no de Pläng vum Architekt René Fournelle gebaut gouf, den 18. Dezember 1955 vum Bëschof Léon Lommel geweit an 2012 ofgerappt ginn ass.

Geschichtleches[änneren | Quelltext änneren]

  • 1466: eelst Notiz vun enger Kapell zu Déifferdeng
  • ëm 1500: Zerstéierung vun där Kapell am Kader vun der Eruewerung vun der Buerg um Zolwerknapp
  • tëscht 1552 an 1772 ginn ënnerschiddlech Kapellen ernimmt
  • 1803: Déifferdeng gëtt eng eege Par
  • 1805: Déifferdeng gëtt aus finanzielle Grënn awer erëm an d'Par Uewerkuer agegliddert
  • 1846: de Baron A. Gabriel d'Arnoult stellt en Deel vu sengem Bongert op der anerer Säit vum Déifferdenger Schlass ze Verfügung, fir eng Kierch mat Kierfecht a Parhaus ze bauen
  • 1861: Déifferdeng gëtt erëm eegestänneg Par, zu där och Zowaasch gehéiert
  • 1912: de Kierfecht gëtt verluecht
  • 1947: Restauréierung vun der Kierch
  • 1954: déi deemoleg Kierch gëtt ofgerappt fir direkt niewendrun eng nei ze bauen[1]

Am Banneraum[änneren | Quelltext änneren]

De Mosaik am Fong vum Chouer, deen 1955 vum deemolege Paschtouer Pierre Roos a vu ville Leit aus der Par Déifferdeng fir ronn eng Millioun Frang finanzéiert gouf, mat Zeenen aus dem Liewe vum Jesus an der Muttergottes, war vum Jean Barillet.

D'Uergel war vun der Firma Haupt vu Lëntgen.

D'Fënsteren an de Kräizwee ware vum Gustave Zanter.

An der Kierch stoung och dee sougenannte "Poopstaltor", deen de 15. Mee 1985 bei der Mass virum Portal II vun Esch-Belval vum Poopst Jean-Paul II benotzt gi war. E war speziell fir deen Zweck bei Arbed-Belval gemaach ginn a gouf kuerz duerno duerch den Asaz vum Paschtouer Émile Post an d'Kierch vun Déifferdeng bruecht.

Klacken[änneren | Quelltext änneren]

D'Kierch hat 3 Klacken, déi u stole Jachen an engem stolene Klackestull houngen. Déi zwou kleng sinn an enger Coproduktioun vun der Géisserei Eisenbach-Kohl aus der Stad an der Saarburger Géisserei Mabilon entstanen.

Nr. Numm Gewiicht (kg) Duerchmiesser (cm) Toun Géisser Gossjoer
1 Kräizerhéijung 1.600 132 es' Mabilon 1927
2 Donatus 1.150 120 f' Eisenbach-Kohl & Mabilon 1860
3 Muttergottes 800 112 g' Eisenbach-Kohl & Mabilon 1860

Schléissung an Ofrappaarbechten[änneren | Quelltext änneren]

D'Kierch vun 1954 war zanter dem Juni 2010 zou wéinst Stabilitéitsproblemer, déi duerch Bauaarbechte fir e Wunnblock mat dräistäckeger Déifgarage an der rue Saint-Nicolas direkt niewendru verursaacht goufen. Ausserdeem war op där anerer Säit vun der Kierch de Schantje vum Kulturzentrum Aalt Stadhaus[2].

Um 1. Advent, den 2. Dezember 2012, gouf d'Kierch vum Äerzbëschof Jean-Claude Hollerich an enger liturgescher Feier desakraliséiert[3]. Den 10. Dezember 2012 hunn d'Ofrappaarbechten ugefaangen.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kierch Déifferdeng – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Korspronk, Nr. 21, 2007
  2. wort.lu: So sieht es aus in der Differdinger Pfarrkirche, die nun abgerissen werden soll
  3. wort.lu: Ein Blick nach vorne, Desakralisierung der Kirche „Notre Dame des Douleurs“