Parc de Merl

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Märeler Park)
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Geographesch Koordinaten:
De Märeler Park. Lénks de Boulevard Pierre-Dupong, riets d'Rue de Bragance
De Waasserbaseng an de Pavillon no der Renovéierung (2018).

Parc de Merl, op Lëtzebuergesch Märeler Park genannt, ass e Park an der Stad Lëtzebuerg am Quartier Hollerech.

En huet eng Fläch vu ronn 5 Hektar an huet d'Form vun engem onreegelméissege Fënnefeck. E gëtt am Weste begrenzt duerch de Boulevard Pierre-Dupong am Norden, duerch d'Avenue du Dix-Septembre an d'Avenue Guillaume am Osten an am Süden duerch d'Rue de Bragance.

An der Mëtt vum Park ass e gréissere Bëtongswaasserbaseng op zwéi Niveaue mat engem Sprangbur dran. Um Waasser an och op rouege Plazen donieft hale sech verschidden Aarte vun Inten op, déi um Waasser a gebauten Ënnerstänn bréien.

Nieft dem Waasserbaseng ass e Pavillon mat enger Terrass, wou een z'iessen an ze drénke kritt. Vun 2016 bis 2018 gouf de Pavillon renovéiert an ausgebaut. Am Abrëll 2018 huet e seng Dieren erëm opgemaach.[1]

Am nordwestlechen Deel geet vun engem Sprangbur aus e klenge Waasserlaf bis bei de Waasserbaseng.

Am nërdlechen Deel vum Park ass eng grouss Spillplaz fir Kanner a Jugendlecher.

De Pavillon[änneren | Quelltext änneren]

De Pavillon virun der Renovatioun (2015).

De Pavillon gouf 1977 no de Pläng vum Architekt Pol Holweck gebaut. Vun 2016 bis 2018 gouf d'Gebai renovéiert an ausgebaut, dat no de Pläng vum Architektebureau Holweck Bingen Architectes.[1] Bei der Renovéierung gouf den uerspréngleche Stil aus den 1970er Joere bäibehalen. No Osten hi krut de Pavillon en Niewebau, dee vum Service des parcs vun der Stad Lëtzebuerg genotzt gëtt. Am ganzen huet de Projet 3,3 Milliounen Euro kascht. Déi offiziell Aweiung war den 18. Abrëll 2018.[1]

Skulpturen am Park[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Parc de Merl – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 Schartz, N., 2018. Zurück nach 24 Monaten. Der Pavillon im Märeler Park hat seine Türen wieder geöffnet. Luxemburger Wort vum 14./15. Abrëll 2018, S. 27.