Diskussioun:Lëtzebuerg (Stad)

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Huet et e Sënn fir déi eenzel Quartieren (schreift een dat esou?) opzehuelen? z.B. Bouneweg, Lampertsbierg, Kierchbierg, Gaasperech a.s.w. Myriam 00:23, 15 Oktober 2005 (UTC)

Jo, dat gëtt esou geschriwwen. Bei der Stad Lëtzebuerg huet et wierklech e Sënn, well esou Bätz wéi Bouneweg, de Gronn, de Verluerekascht an deeër méi, zum Deel eng eege Geschicht hunn; wéi Eech mat de Schmelzen oder Hollerech, dat fréier eng eege Gemeng war. --Cornischong 00:41, 15 Oktober 2005 (UTC)

Navigatiounskëscht fir d'Quartierë[Quelltext änneren]

Wéi wier et wa mer bei eisen engleschsproochege Wikinopere knäipen an hier Navigatiounskëscht fir d'Quartierë vun der Stad och hei aféieren? De Modell vun der englescher Wiki ass hei ze fannen: [1] ? D'Kaarte fannen ech och net schlecht ... Gutt Iddi? -Kaffi 22:06, 24 Oktober 2006 (UTC)


D'Këscht an d'Karte si jo net schlecht mee waat machen se op eidele Säite stoen fir op aaner eidel Säiten weider zelinken. Ech gif se mol hei am Talk stoe loossen bis mer mol iwwerall e bësselchen Text hun, soss gesäit daat ganzt wirklech ze lächerlech aus. Les Meloures 22:26, 24 Oktober 2006 (UTC) ¨ Mär hunn esou vill Navi-këschten fir Saachen, déi vun der Perfektioun nach net beleckt sinn. Gëscht ass Hamm mol un der Rei gewiescht; dat ass jo net näischt. Et ass e bësse schued, fir dem Kaffi säin Optimismus am Ree stoen ze loossen :-) --Cornischong 22:58, 24 Oktober 2006 (UTC)

Et war och nët als Kritik un de Këschte geduecht déi si gudd. Les Meloures 23:11, 24 Oktober 2006 (UTC)

Ech giff se (Këscht a Koart) op jiddefall an déi Artikele sëtzen, déi do sinn. Wann ech Zäit kréie, kucken ech emol an deenen nächsten Deeg dono, et sief, et fänkt emol schons een un dermatt. Déi aner Säite kann ee séier nom selweschte Modell maachen. --Zinneke 10:18, 25 Oktober 2006 (UTC)

Iwwer Schlaffe- Schläife- a Schleefereien[Quelltext änneren]

Datt d'Festung net geschlaff gouf, liicht an. Mee wouhi se geschleeft gouf, ass och net bekannt. Ass se net vläicht geschläift ginn? --Cornischong 12:42, 15 Februar 2007 (UTC)

Moien,

Ka sinn mee vu waterengem Verb ass geschläift afgeleet. Les Meloures 12:46, 15 Februar 2007 (UTC)

Rebonjour,

Eng aner Fro: Firwat weist d'Maschinn am Talk ëmmer eng falsch Auerzäit. Les Meloures 12:54, 15 Februar 2007 (UTC)
Vum Verb "schläifen", genee wéi am Transmuselaneschen (schleifen: geschliffen/geschleift). Mat Schleefen huet et guer näischt ze dinn. --Cornischong 13:07, 15 Februar 2007 (UTC)
Resalut,
De Problem ass geléist den Text gouf ëmgebaut. Les Meloures 13:37, 15 Februar 2007 (UTC)

Nodréiglech: http://news.rtl.lu/sonndes/lex_roth/205387.html --Zinneke (Diskussioun) 08:39, 23. Abr. 2012 (UTC)[äntweren]

Städtepartnerschaften[Quelltext änneren]

Es fehlt ein Hinweis auf die Partnerschaften mit ausländischen Städten (sind das nur Metz und Camden?). - (Jaques 89.245.78.236 17:22, 14. Jun. 2008 (UTC)[äntweren]

Cayambe 20:34, 6. Aug. 2008 (UTC)== Uertschaften an der Gemeng ==[äntweren]

Hei steet: D'Stad Lëtzebuerg ass haut déi eenzeg Uertschaft an deeër Gemeng.
Am Artikel "Lëscht vun de Lëtzebuerger Uertschaften stinn awer opgezielt: Bouneweg, Eech, Zéisseng, asw. Do klappt also eppes net... oder verstinn ech eppes falsch? --Cayambe 19:37, 6. Aug. 2008 (UTC)[äntweren]

Salut,
Wann ech am Historik kucken, da fannen ech eraus datt dat den 18. Mee 2005 vun enger IP dragesat gouf. Et hat deemols warscheinlech nach kee matkritt datt et eng Uertschaftslëscht vum Ministère gëtt. Stad Lëtzebuerg schwätzt allerdéngs selwer nëmme vu Quartieren, an deenen souguer verschidden Uertschaften zesummefaasst sinn. Déi intern Andeelung vun der Gemeng huet menger Meenung no awer näischt dermatter ze dinn, datt déi Uertschaften nach ëmmer am Ministère weidergfouert ginn, a se deemno nach bestinn. Les Meloures 20:18, 6. Aug. 2008 (UTC)[äntweren]

En offiziellen Duergerneen also :-) Merci fir d'Aentwert. Am Artikel Stad Lëtzebuerg misst dëst also gännert ginn... -Cayambe 20:34, 6. Aug. 2008 (UTC)[äntweren]

Buergermeeschtere[Quelltext änneren]

Misst en net vläit de preiseschen Oberbürgermeister Richard Hengst do ran pechen. Vill weess ech leider net vun him. Denken hie war vun 1940 bis 1944 um Pouvoir. De Cpt Alexander huet hien dann (lieweg) zesumme mat dem (doudegen) Simon den 19. Dezember 1945 zréck op Lëtzebuerg geschleeft. An dunn gouf hie sécher verurteelt ... --Jwh 22:08, 29. Jan. 2009 (UTC)[äntweren]

Moien, dach, et misst een, an ech hunn dat grad gemaach. Iwwerhaapt wär et intressant, méi iwwert déi Typpe gewuer ze ginn, déi zu Lëtzebuerg an deene verschiddenen Nazistrukturen eng onrümlech Roll gespillt hunn (Riichter, SS-Cheffen, Militär, asw.) --Zinneke 09:43, 30. Jan. 2009 (UTC)[äntweren]

Jo déi ganz Band, mech intresséiert besonnescht hir Carrière duerno ënnert dem Adenauer...--Jwh 10:50, 30. Jan. 2009 (UTC)[äntweren]

Da si mer eis eens ;-) Hues Du do Material? --Zinneke 11:14, 30. Jan. 2009 (UTC)[äntweren]

Just e bëssen vum Leonhard Drach, hoffen iwwert de Weekend méi --Jwh 13:30, 30. Jan. 2009 (UTC)[äntweren]

Kiemen, 963[Quelltext änneren]

Moien!

Gouf et do, wou spéider d'Stad sollt entstoën, eng Kräizung tëscht 2 (grouss) Stroossen? Ech weess vun enger (Reims - Arel - Tréier), awer d'Strooss vu Metz op Tréier, déi ass iwwer Ricciacum/Duelem gaangen a zu Andethana/(Nidder-)Anwen mat der éischtgenannter (Reims - Tréier) zesummekomm. Sécher, et goufen Niewestroossen, sougenannt "diverticula", awer da soll een DÉI ernimmen, an net eng Strooss, déi et net gouf.

Am Pafendall gouf et eng Bréck; dono ass d'Strooss Reims - Tréier Richtung Kierchbierg virugelaf (vgl. "de Kiem"). An der Spéitréimescher Zäit gouf et do, wou spéider de Siegfried seng Buerg baue gelooss huet, eng kleng Festungsanlag fir engersäits d'Strooss an den Iwwergang (Bréck iwwert d'Uelzech) ze sécheren, an, anerersäits, fir de Germanen hir Incursioune sou wäit wéi méiglech ze stoppen. Am fréie Mëttelalter stoung vun där Anlag net méi vill, mee d'Plaz gouf vun eise fränkesche Virfaaren "kleng Buerg" genannt, Numm dee spéider iwwerholl gouf, fir dem Siegfried seng Buerg ze benennen.

Den Tosch, deen um Urspronk vun der Stad läit, ass an engem Dokument erwähnt, deen zwar den Datum vun 963 dréit, mee deen Datum ass net richteg. Vgl. M. Margue & M. Pauly (Artikel an der Hémecht, ~1987) !

Summa summarum: Firwat dierf egal ween egal wat an d'Wikepedia-Säite schreiwen, ouni emol déi rezenst Kenntnësser oder neist historesch Iwwerleeunge gelies ze hunn? Firwat gëtt zu Lëtzebuerg nach ëmmer déi al Herchen-Mythologie breetgetrëppelt?

An dat Schéinst ass: wann der iech traut, fir eppes ze verbesseren, da gitt dir "zréck-"verbessert oder als "Vandal" gespaart!

Salut awer. R.D.

Moien RD, de Grond, firwat hei "déi al Herchen-Mythologie" steet, ass warscheinlech, well déi Leit, déi dat geschriwwen hunn, dat esou emol eng Kéier geléiert haten, oder well dat haut nach op esou munnechen offizielle Säiten a Publikatiounen doruechter geeschtert (cf Peporte/Kmec/Majerus/Margue: Inventing Luxembourg (2010)). Wat hei feelt, si genuch Leit mat Fachwëssen, déi dat an Arikele riichtbéie kéinnten an den Herchen fir zerguttstert op d'Mansard befërdere kéinnten. Dir schéint mer esou een ze sinn; dat wat uewendriwwer steet, ka bal texto an den Artikel iwwerholl ginn (vläit nach mat enger Quellenangab an enger Foussnout).
Zu Ärem Bezuch op "zerécksetzen a Vandalismus": ech huelen un, Dir bezitt Iech op Contributioune vun Iech vu virun onfeféier engem Joer am semantesche Kontext vum "Herzogtum Lëtzebuerg". Esou wäit ech mech erënneren, waren do 2 Facteure massgebend: 1. DIr hutt ënner allkéiers aneren IP-Konte geschriwwen, sou datt et onméiglech war, ze wëssen, ween dat war, dee grad eppes geännert huet, an och, fir Iech e Message ze hannerloossen, wa Probleemer waren. Sou gouf et eng ganz Rei Mëssverständnesser a Laangschtenee-Geschwätz. Dofir: Maacht w.egl. e Konto op (uewen op "Umellen" klicken) - gär als "R.D.", et verlaangt keen Äre richtegen Numm, an der bleift esou anonym wéi der dat wëllt.
2. Dir musst Iech bewosst sinn, datt Texter hei eng bestëmmte Formatéierung hunn, besonnesch och, wat Hypertext-Linken betrëfft (fir vun engem Stéchwuert bei dat anert ze sprangen). Dat ass dat, wat am Quellentext tëscht eckege Klamere steet. Wann een do nëmmen ee Buschtaf ännert, un engem Accent fréckelt oder e Wuert kleng ampaz grouss schreift, fonctionnéiert dee Link net méi. Et gouf mat vill Méi probéiert, Iech dat z'erklären, mee ouni Benotzersäit waren deemools vill Messagen an d'Eidelt gelaf.

Deemno: Mellt Iech wegl un, a probéiert, d'Reegelen hei ze verstoen, dann ass Ärt Wëssen, wat der deele wëllt, hei gutt versuergt! --Zinneke 11:04, 2. Aug. 2011 (UTC)[äntweren]

Pafendall - Sichenhaff[Quelltext änneren]

Mëtteg,

Betrëfft d'Ännerung vum Benotzer 2001:7E8:C0A8:C001:5129:BE75:7220:8E60 - Firwat beim Quartier Pafendall d'Notiz „inkl. Sichenhaff“ derbäi schreiwen? Den offiziellen Numm vum Quartier ass eben emol Pafendall, zu deem de Lieu-dit Sichenhaff gehéiert. Beim Zens steet jo och net „inkl. Fetschenhaff“ derbäi. Ech proposéieren, dat erëm zréck ze setzen.--GilPe (Diskussioun) 11:54, 31. Jul. 2016 (UTC)

Ass gemaach sou wéi all déi aner Ännerunge vun där IP déi net vill Sënn gemaach hunn. Bei sou Triwwelereien net laang zécken an einfach zrécksetzen. --Les Meloures (Diskussioun) 12:10, 31. Jul. 2016 (UTC)[äntweren]