Am Tunnel

Vu Wikipedia

Am Tunnel ass eng Galerie fir modern Konscht, déi an engem Tunnel an der Stad Lëtzebuerg amenagéiert ass. Den Tunnel läit um Plateau Bourbon, am Garer Quartier, a verbënnt d'Haaptgebai vun der Spuerkeess ënnerierdesch mat dräi anere vun hire Gebaier an der Noperschaft.

D'Aarbechten dofir hunn 1992 ugefaangen, an d'Galerie huet 1993 opgemaach.

Ze gesi si virun allem Wierker vun iwwer 100 Kënschtler aus Lëtzebuerg. Een Deel vun der permaneter Sammlung ass dem Fotograf Edward Steichen dediéiert.

Do donieft gëtt et reegelméisseg Retrospektiven iwwer aner Kënschtler.