Lëtzebuerger Ofkommes

Vu Wikipedia
Dëse Geschichtsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
D'Ënnerzeechnung vum Ofkommes den 10. September 1952

D'Lëtzebuerger Ofkommes - net ze verwiessele mam Traité vu Lëtzebuerg - ass e Vertrag, deen den 10. September 1952 zu Lëtzebuerg am Festsall vun der Stater Gemeng tëscht der Bundesrepublik Däitschland engersäits an Israel an der Jewish Claims Conference anerersäits ënnerschriwwe gouf.

Dëse Vertrag ass den éischten internationale Vertrag, mat deem d'Bundesrepublik Däitschland d'Verantwortung fir de Vëlkermuerd un den europäesche Judden duerch dat nationalsozialistescht Däitschtland iwwerholl huet. No laangen, schwieregen an deels geheimen diplomatesche Verhandlunge gouf d'Ofkommes vum Bundeskanzler Konrad Adenauer (als amtéierenden Ausseminister) an dem israeeleschen Ausseminister Moshe Scharett ënnerschriwwen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]