Traité vu Lëtzebuerg

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Den Traité vu Lëtzebuerg (och Saarvertrag; fir richteg: Traité tëscht der Bundesrepublik Däitschland an der Franséischer Republik zu der Regelung vun der Saar-Fro) ass e Vertrag, mat deem Däitschland a Frankräich iwwerenee komm sinn, wéi d'Saarland schrëttweis politesch a wirtschaftlech Däitschland nees bäitriede sollt. En ass de 27. Oktober 1956 vun den Ausseministere vun deenen zwéi Staaten, dem Heinrich von Brentano an dem Christian Pineau zu Lëtzebuerg ënnerschriwwe ginn.

Et war zu deem Traité komm, nodeem d'Saarlänner am Referendum vum 23. Oktober 1955 mat däitlecher Majoritéit géint de Saarstatut gestëmmt haten, deen d'Saarland hätt sollen zu engem europäeschen Territoire maachen.

No deem Traité konnt d'Saarland den 1. Januar 1957 der Bundesrepublik Däitschland bäitrieden. Wirtschaftlech gouf eng Iwwergankszäit festgeluecht, déi spéitstens Enn 1959 eriwwer wier. Bis dohin gouf et weiderhin eng Douanes- a Währungsunioun mat Frankräich, mam Franséische Frang als gesetzlech Währung. Weider gouf et Accorden iwwer den Ofbau an d'Liwwerung vu Kuelen no Frankräich.

Muselvertrag[änneren | Quelltext änneren]

Nieft dem Saarvertrag hunn déi zwéin Ausseministeren en zweeten Traité ënnerschriwen, zesumme mam Lëtzebuerger Premier- an Ausseminister Joseph Bech, an deem den Ausbau vun der Musel als Schëffsstrooss fir grouss Penichen, tëscht Koblenz an Thionville, festgehale gouf. Dat war wichteg fir Frankräich, fir sou e besseren Zougank zu der Stolindustrie am Loutrengeschen ze kréien.

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Kanaliséierung vun der Musel Nuvola apps xmag.png

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]