Rue de Hollerich
Numm |
lb: Hollerecher Strooss fr: Rue de Hollerich |
---|---|
Fréieren Numm | fr: Rue de la Gare |
Längt | ca. 1000 m |
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Lëtzebuerg |
Uertschaft | Lëtzebuerg |
Quartier | Gare |
Postcode | 1740, 1741 |
Koordinaten |
49° 35’ 54.4’’ N 06° 07’ 39.8’’ O |
Genannt no | Hollerech |
D'Hollerecher Strooss (offiziell: Rue de Hollerich) ass eng Strooss am Garer Quartier vun der Stad Lëtzebuerg. Se leeft vun der Garer Plaz a Richtung Weste bis bei d'Hollerecher Plaz.
D'Nationalstrooss 56 leeft an hirer ganzer Längt driwwer.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]Nodeems den 1. Juni 1920 d'Gemengen Hamm, Hollerech a Rollengergronn mat der Stad Lëtzebuerg fusionéiert hunn, hu misse verschidde Stroossen nei benannt ginn, well et vereenzelt Odonymmen e puermol gouf. Bis 1925[1] huet d'Strooss „Rue de la Gare“ geheescht[2],[3] ier se dunn den haitegen Numm krut.
An den 2020er Joren ass en neie Quartier, Nei Hollerech genannt, op der Plaz vun de fréiere Fabréckshale vun Heintz Van Landewyck a Paul Wurth S.A., am Entstoen.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Nei Hollerech.
Gebaier
[änneren | Quelltext änneren]- Concertssall Den Atelier
- Cité de la sécurité sociale
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Biller
[änneren | Quelltext änneren]-
D'Hollerecherstrooss
-
Fréiere Sëtz vun Heintz Van Landewyck
-
Kings Place
-
Nr. 70-62.
-
Le Saxophone
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Rue de Hollerich – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ Decisioun vum Stater Gemengerot vum 5. Juni 1925
- ↑ „Luxembourg en 1907“, Stadplang vum Jean-Pierre Biermann
- ↑ „Neubenennung von Strassen der Stadt Luxemburg“ am Luxemburger Tageblatt, Nummer 129, 5. Juni 1925, S. 3, op www.bnl.lu, dem Site vun der Nationalbibliothéik; fir d'lescht gekuckt den 23. Abrëll 2016