Michel Jonas

Vu Wikipedia
Michel Jonas
Gebuer 17. Februar 1822
Gronn
Gestuerwen 16. Juni 1884
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Affekot

De Michel Jonas gebuer de 17. Februar 1822, a gestuerwen de 16. Juni 1884 an der Stad, war e Lëtzebuerger Affekot a Politiker; hien hat Funktiounen an der Administratioun, an der Regierung an an der Diplomatie a war Editeur.

Tëscht 1851 an 1860 war de Michel Jonas Member vum Stater Gemengerot. Donieft war hien Deputéierten an der Chamber.

De 27. September 1860 gouf hien Directeur général (Minister) fir Justiz an der Regierung vum Victor de Tornaco.

Vun 1863 bis 1884 Joer war hien Direkter vun der Administration de l'enregistrement et des domaines.

Duerno war hie Chargé d'affaires vu Lëtzebuerg zu Paräis. Als Affekot huet hie fir d'Wort Prozesser gefouert,.

De Michel Jonas war och Auteur vu Schrëften iwwer d'Reform vum Hypothéikesystem an iwwer juristesch Streidereien ëm d'Chemins de fer Guillaume-Luxembourg.

Vun 1866 bis 1873 huet en de "Journal de l'enregistrement et des domaines du Grand-Duché de Luxembourg" erausginn.

Vum 18. Abrëll 1866 bis zu sengem Doud war hie Member vum Staatsrot.[1]

Gielercher[2][änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Lëscht vun de Membere vum Staatsrot op der Websäit vum Staatsrot
  2. de Michel Jonas op eluxemburgensia.lu