Annorden

Vu Wikipedia
Annorde vun enger Kaart op der Kant

Ënner Annorde versteet een d'Ausriichte vun enger Kaart, engem Plang oder engem Loftbild par Rapport zum Terrain. Den Norden ass dobäi duerch d'Äerdmagnéitfeld an op der Nordhallefkugel duerch de Polarstär d'Bezuchsrichtung an ass um Kaartebild uewen.

Déi einfachst Method ass d'Uleeë vun engem Kompass an Nullstellung mat der Kant parallel zum Kaarterand respektiv zu der Nordfeilachs. Da gëtt d'Kaart mam Kompass drop, sou gedréit, datt d'Kompassnol no Norde weist (Nullrichtung).

Wann de Kompass parallel zu de Meridiane geluecht gëtt, dann entsteet eng kleng Differenz, well déi wéinst der Geoidform vun der Äerd net parallel zuenee verlafen. Genee sou sinn d'Gitterlinnen net fir d'Annorden ze gebrauchen, well déi och net genee no Norde weisen.

Modern, opwendeg Kaartenkompassen hunn e Gitter dat rotéiert a sou eng méi genee Navigatioun méiglech mécht an dat opwendegt Annorden iwwerflësseg mécht.

Astronomie[änneren | Quelltext änneren]

An der Astronomie versteet een ënner Annorden déi genee Ausriichtung vun enger (parallaktescher) Montéierung, déi en astronomescht Instrument dréit – beispillsweis en Teleskop oder eng Astrokamera. Heizou gëtt ënner anerem d'Method vum Scheiner agesat (Scheiner-Method). Bei exakter Anordung gläicht d'Noféierung op der Montéierung déi visuell Himmelsdréiung (Äerddréiung) am Zäitverlaf genee aus. Ouni geneet Annorde lafen observéiert Objete lues aus dem Gesiichtsfeld respektiv gi méi laang beliicht Fotoen zu Stréchbiller. Fir Observateuren op der Nordhallefkugel vun der Äerd läit den Himmelspol ëmmer genee an Nordrichtung (geographesch Nord, Duerchstousspunkt vun der Äerddréiachs). Weider gehéiert zu der exakter Annordung vun enger astronomescher Montéierung och d'Astellung vun der Polhéicht, déi och duerch d'Scheiner-Method erreecht gëtt.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie