Polhéicht

Vu Wikipedia

Ënner Polhéicht versteet een den Héichtewénkel vum Himmelsnordpol iwwer dem mathemateschen Horizont vum jeeweilegen Observatiounspunkt.

D'Polhéicht bestëmmt dobäi de senkrechte Wénkelofstand tëscht Horizont an Himmelsnordpol an ass identesch mat der astronomescher Breet (approximativ = geographesch Breet) vum Observatiounspunkt. Den Himmelsnordpol ass no beim Polarstär an ass den Duerchstousspunkt vun der verlängerter Äerdachs mat der Himmelskugel.

D'Equatorhéicht ass entspriechend d'Héicht vum Himmelsequator zum Horizont a berechent sech aus der Polhéicht zu: 90° minus Polhéicht.

D'Polhéicht ass e wichtege Wäert fir d'korrekt Ausriichte vun der equatorialer Montéierung vun engem astronomeschen Teleskop a fir déi genee Richtungsbestëmmung mam Polaris-Azimut.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie