Lokal Blos

Vu Wikipedia
Lokal Blos
Lokal Blos (Moossstaf 25 Lj.)
Ugrenzend Regioune (Moossstaf 250 Lj.)

Déi Lokal Blos (engl.:local bubble), oder och Lokale Volume genannt, ass e grousst stëbsfräit Gebitt an der Ëmgéigend vun der Sonn. D'interstellar Matière an deem Gebitt besteet zum engem Deel aus neutralem Waasserstoff mat enger Dicht vun 0,05 bis 0,07 Atomer pro Kubikzentimeter, zum aneren Deel aus engem ganz dënnen a gliddege Plasma mat enger Dicht vun 0,001 bis 0,005 Atomer pro Kubikzentimeter an enger Temperatur vun 1,4 Millioune Kelvin. Dee Plasma ass verantwortlech fir de gréissten Deel vun der Röntgenhannergrondstralung.

Genesis[änneren | Quelltext änneren]

Et gëtt ugeholl, datt déi lokal Blos virun e puer honnertdausend bis e puer Millioune Joer duerch eng oder e puer Supernovae gebilt gouf – als Kandidat dofir gëtt Geminga ugesinn, en Neutronestär am Stärebild Gemini (an der Zeechnung huet Geminga eng Rektaszensioun vu 4h, tatsächlech läit hien awer bei 6h33). Aner Theorië gi vun zirka 20 Supernovae vu viru 10 bis 20 Millioune Joer aus.

Struktur an Ëmgéigend[änneren | Quelltext änneren]

Déi Lokal Blos huet d'Form vun enger Sandauer – si huet am galaktesche Plang en Duerchmiesser vun op d'mannst 300 Liichtjoer a breet sech mat zouhuelendem Ofstand aus. Ënnersich leeën zudeem d'Méiglechket no, datt déi lokal Blos vertikal zum galaktesche Plang keng Begrenzung huet, mä op ass.

A Richtung vum Sonnenapex, der Beweegungsrichtung vun der Sonn, grenzt déi lokal Blos op enger Distanz vun zirka 50 bis 130 Liichtjoer un d'Loop-I-Superblos, déi duerch Supernovaen an der Scorpius-Centaurus-Associatioun gebilt gouf. Tëscht der Sonn an dëser Grenzregioun läit de Local-Fluff-Komplex, deen aus enger Rei vu schuelefërmeg zesummegesate Cloudlete besteet, deen duerch d'Kollisioun vun de béide Blosen entstanen ass.

D'Donnéeën iwwer d'Form vun der lokaler Blos sinn zimmlech onsécher, well d'Resultater aus den Ënnersich vun ofgeleete Forme vun Absorptiounslinnen net mat deenen aus der Duerchmusterung am UV-Beräich iwwerenee stëmmen. Dofir hat d'NASA den 12. Januar 2003 d'CHIPSat-Missioun gestart. Si hat als Haaptaufgab d'Erfuerschung vun der lokaler Blos. Well d'UV-Stralung gefeelt huet, wat onerwaart war, konnt dat Zil awer net erreecht ginn.

An der lokaler Blos ass eis Sonn an enger Regioun, déi ee Lokal Flack nennt. An där ass d'interstellar Matière méi dicht, wéi an der Blos, déi ronderëm si ass.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]