SIMBAD

Vu Wikipedia
Observatoire vu Stroossbuerg

SIMBAD (Set of Identifications, Measurements and Bibliography for Astronomical Data; ass eng: Datei mat Kennzeechen, Moossen an der Bibliographie fir astronomesch Gréissten), also eng Datebank mat astronomeschen Informatiounen iwwer Objete bannenzeg vun der Mëllechstrooss.

Et gëtt duerch de Centre de données astronomiques de Strasbourg (CDS), Frankräich gewaart a kontrolléiert. De SIMBAD gouf gemaach, andeems een de Katalog vun de stellare Kennzeechnunge (CSI) an de bibliographesche Stärenindex zesummegefouert huet, wéi si am Rechenzentrum vum Observatoire Meudon bis 1979 bestanen hat. Zousätzlech goufe si mat Quelldaten aus aneren Tabellen an der akadeemescher Literatur vergréissert.

Déi éischt interaktiv Online-Versioun gouf 1981 zur Dispositioun gestallt. De 25. Juli 2005 krut de SIMBAD Informatiounen iwwer 3.514.578 Objeten ënner 9.364.658 ënnerschiddlechen Nimm, mat 158.719 bibliographeschen Hiwäiser a 4.794.567 bibliographeschen Zitater.

De SIMBAD konzentréiert sech op Objeten an eiser Mëllechstrooss, eng entspriechend extragalaktesch Datesammlung ass d'NASA Extragalactic Database (NED).

Als Éierung gouf den Asteroid 4692 SIMBAD (1983 VM7) nom Projet genannt.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]