Knut Ångström

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Knut Ångström
Knut Johan Ångström.jpg
Gebuer 12. Januar 1857
Uppsala
Gestuerwen 4. Mäerz 1910
Nationalitéit Schweden
Educatioun Universitéit Uppsala
Aktivitéit Physiker, Erfinder
Member vun Däitsch Akademie vun den Naturfuerscher Leopoldina, Schweedesch Akademie vun de Wëssenschaften
Famill
Papp Anders Jonas Ångström
Wikidata-logo-without-paddings.svg

De Knut Johann Ångström, gebuer den 12. Januar 1857 a gestuerwen de 4. Mäerz 1910 war e schweedesche Physiker.[1]

HOe war de Jong vum Anders Jonas Ångström. Vun 1877 bis 1884 huet hien op der Universitéit Uppsala studéiert. Kuerzzäiteg war hien och op der Universitéit Stroossbuerg, beim August Kundt.

Hannescht zu Uppsala, krut hie säin Doktortitel a gouf 1885 Dozent fir Physik an der neier Héichschoul zu Stockholm, wou hien dat physikalescht Institut geplangt an opbaue gelooss hat. 1890 gouf hien zum Member vun der Geléiertenakademie Leopoldina gewielt. 1891 koum hien nees zréck op Uppsala a gouf 1896 Professer fir Physik.

HIen huet d'Stralungswärmt vun der Sonn an d'Absorptioun vun der Äerrdatmosphär ënnersicht.

1893 huet hien den elektresch kompenséierte Pyrheliometer erfonnt.

Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • Die Ausdehnung des Wassers durch Absorption von Gasen. 1882 (online)
  • Ueber die Diffusion der strahlenden Wärme von ebenen Flächen. 1885 (online)
  • Die Volumen- und Dichtigkeitsveränderungen der Flüssigkeiten durch Absorption von Gasen. 1888 (online)
  • Beobachtungen über die Durchstrahlung von Wärme verschiedener Wellenlänge durch trübe Medien. 1889 (online)
  • Einige Bemerkungen anlässlich der bolometrischen Arbeiten von Fr. Paschen. 1894 (online)
  • Ueber eine einfache Methode zur photographischen Darstellung des ultrarothen Spektrums. 1895
  • Ueber die Anwendung der elektrischen Kompensationsmethode zur Bestimmung der naechtlichen Ausstrahlung. 1905
  • Ueber absolute Bestimmungen der Wärmestrahlung mit dem elektrischen Compensationspyrheliometer, nebst einigen Beispielen der Anwendung dieses Instruments. 1899 (online)
  • Einige Bemerkungen zur Absorption der Erdstrahlung durch die atmosphärische Kohlensäure. 1901
  • Die Ozonbänder des Sonnenspektrums und die Bedeutung derselben für die Ausstrahlung der Erde. 1904
  • Einige fundamentale Sätze betreffs der Absorption und der Absorptionsspektren der Gase: eine vorläufige Mitteilung. 1908

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. http://www.angstrom.uu.se/familjen_angstrom.php