Daniel Kirkwood

Vu Wikipedia
Daniel Kirkwood
Gebuer 27. September 1814
Gestuerwen 11. Juni 1895
Riverside
Nationalitéit USA
Aktivitéit Astronom, Mathematiker, Schrëftsteller

Den Daniel Kirkwood, gebuer de 27. September 1814 am Hartford County, Maryland, a gestuerwen den 11. Juni 1895 zu Riverside, Kalifornien, war en US-amerikaneschen Astronom.

Säi Liewen[änneren | Quelltext änneren]

De Kirkwood gouf op enger Farm a Maryland gebuer. Mat 19 Joer huet hien an der Schoul ugefaangen z'ënnerriichten. Hien huetAlgebra geléiert, iwwerdeems hie seng Schüler mat Hëllef vun engem Léierbuch ënnerriicht huet. Duerno huet hien um York County College a Pennsylvania studéiert, wou hien no sengem Ofschloss 1838 och ënnerriicht huet.

1843 gouf hie Leeder vun der Lancaster High School zu Pennsylvania. Do huet hien ugefaange sech mat astronomeschen Theemen ze beschäftegen.

Am August 1849 mécht hien internationaal op sech opmierksam, wéi hien eng Bezéiung tëscht de Periode vun der Planéiteneegerotatioun an de Radie vun hiren Ëmlafbunnen entdeckt. Hie nennt si eng mathematesch Analogie. Spéider gëtt si als Kirkwood's Analogy bekannt. Op Basis vun der Theorie vum Laplace iwwer d'Genesis vum Sonnesystem an op der Sich no engem änleche Gesetz wéi dem drëtte Kepler-Gesetz, nëmmen hei fir d'Rotatiounsperiode vun de Planéiten, setzt hien d'Zuel n den Ëmdréiunge vum Planéit pro Ëmlaf ëm d'Sonn mam Duerchmiesser vu senger Unzéiungssphär D a Verbindung (den Ofstand vun de Punkten, an deem jee zwéin Nopeschplanéiten déi selwecht Unzéiungskraaft hunn, wa si a Konjunktioun sinn, jee fir de baussenzegen a bannenzegen Nopeschplanéit):

1849 presentéiert den Astronom Sears Cook Walker vum US Coastal Survey d'Formel op der Konferenz vun der American Association for the Advancement of Science. D'Formel konnt un Äerd, Venus a Saturn getest ginn an hat gutt Iwwereneestëmmung bruecht. Dat hat dozou gefouert, datt d'Niwwelhypothes vum Laplace nees méi u Respekt gewonnen huet. Gläichzäiteg huet d'Formel déi scho vum Kepler opgestallter Thees ënnerstëtzt, datt et eemol e weidere Planéit tëscht Mars a Jupiter gouf. 1850 gouf d'Entdeckung vum Kirkwood och an England op der Konferenz vun der British Association for the Advancement of Science vum David Brewster gefeiert. Aner Astronome wéi de Piazzi Smyth (Royal Astronomer of Scotland), hunn doran en numereschen Zoufall wéi bei der Titius-Bode-Rei gesinn.

1851 gouf de Kirkwood Professer fir Mathematik um Delaware College a war do President tëscht 1854 an 1856.

1856 goung de Kirkwood als Professer fir Mathematik op d'Indiana University zu Bloomington. Hei huet e weider un der Asteroidefuerschung geschafft an hat 1861 de Virschlag gemaach, datt d'Meteorstréim Iwwerreschter vun zerstéierte Koméite kéinte sinn.

Seng bedeitendst Leeschtung ass d'Entdeckung vun deenen no him genannte Fräiraim an der Haaptasteroidenceinture, déi hien am Joer 1866 gemaach hat, der sougenannter Kirkwoodplaz.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]