Op den Inhalt sprangen

Hervé Faye

Vu Wikipedia
Hervé Faye
Gebuer 1. Oktober 1814
Saint-Benoît-du-Sault
Gestuerwen 4. Juli 1902
Paräis
Nationalitéit Frankräich
Educatioun École polytechnique
Aktivitéit Astronom, Minister
Member vun Académie des sciences, American Academy of Arts and Sciences, Accademia Nazionale dei Lincei, Société astronomique de France

Den Hervé Auguste Étienne Albans Faye, gebuer den 3. Oktober 1814 zu Saint-Benoît-du-Sault/Indre, gestuerwen de 4. Juli 1902 zu Paräis, war e franséischer Astronom.

De Faye huet am Joer 1836 als Stagiaire am Paräisser Observatoire ugefaangen. 1843 huet hien de Koméit 4P/Faye entdeckt a gouf dofir 1844 mat dem astronomesche Präis vun der Paräisser Akademie vun de Wëssenschaften, dem Lalande-Präis, geéiert an am Joer 1847 an d'Akademie gewielt.

Hien huet vun 1848 bis 1853 Geodesie op der École polytechnique studéiert an ass duerno als Rekter a Professer fir Astronomie op Nanzeg gaangen. Vun 1873 bis 1893 huet hie seng Schüler an der École polytechnique Astronomie geléiert.

De Faye gouf 1862 Member an 1876 President vum Bureau des longitudes a war 1877 fir e puer Woche franséische Bildungsminister. Hie gouf 1843 zum Chevalier, 1855 zum Offizéier an 1870 zum Commandeur vun der Éierelegioun ernannt.

Publikatiounen

[änneren | Quelltext änneren]
  • Cours d'astronomie. École polytechnique. 1re division. 1873-1874 (1874) [1]
  • Cours d'astronomie. École polytechnique. 1re division. 1874-1875 (1875) [2]
  • Cours d'astronomie et de géodésie. École polytechnique. 1re division. (1878-1879) [3]
  • Cours d'astronomie de l'École polytechnique (2 Bänn, 1881-1883)
  • Cours d'astronomie nautique (1880)
  • Leçons de cosmographie rédigées d'après les programmes officiels (1852) [4]
  • Sur l'origine du monde, théories cosmogoniques des anciens et des modernes (1884) [5]
  • Sur les tempêtes, théories et discussions nouvelles (1887)
  • Nouvelle étude sur les tempêtes, cyclones, trombes ou tornados (1897) [6]

Portal Astronomie