Op den Inhalt sprangen

Elba

Vu Wikipedia
Elba
Geographie
Land Italien
Koordinaten 42°46'48"N, 10°16'30"O
Fläch 223 km²
Küstelängt 147 km
Längt 29 km
Breet 18 km
Verwaltung
Haaptuert Portoferraio
Demographie
Awunner 32.000
Aner Informatiounen

Elba ass eng Insel am Mëttelmier a gehéiert zum Toskaneschen Archipel vun der Regioun Toskana an Italien (Provënz Livorno). Si ass manner wéi 20 km vum italieenesche Festland ewech.

  • Fläch: 224 km² (drëttgréisst Insel vun Italien)
  • Längt vun der Küst: 147 km
  • héchste Punkt: Monte Capanne (1.019 m)
  • duerchschnëttlech Jorestemperatur: 15,7 °C

Haut liewen zirka 32.000 Persoune permanent op der Insel, an zwar an 8 Gemengen: Portoferraio (gläichzäiteg och d'Haaptstad vun der Insel), Campo nell'Elba, Capoliveri, Marciana, Marciana Marina, Porto Azzurro, Rio Marina a Rio nell'Elba.

Elba war a fréieren Zäite bekannt fir seng Äerzgrouwen, a seng Schmelziewe goufen der Insel de griicheschen Numm Aethale (Rouscht). 453 v. Chr. gouf Elba vu Syrakuser besat. Vum 11. bis zum 14. Joerhonnert huet et zu Pisa gehéiert, an 1399 koum et ënner d'Herzoge vu Piombino. 1548 hunn déi et un de Cosimo I. vu Florenz ofgetrueden. 1596 gouf Porto Longone vum Philipp III. vu Spuenien eruewert a bis 1709 gehalen. Du gouf et un Neapel ofgetrueden. 1802 gouf d'Insel duerch de Fridde vun Amiens Frankräich zougesprach.

1814 gouf den Napoleon Bonaparte, no senger Ofdankung als Empereur des Français zu Fontainebleau, op Elba verbannt, wou en de 4. Mee 1814 lant. Hie krut Elba als souveräne Besëtz a gouf domat Herrscher iwwer déi deemools 10.000 Awunner, bis sech säin Intressi no 9 Méint an 23 Deeg nees Frankräich zoudréit. No sengem Stuerz gouf d'Insel un Toskana ugeglidert a goung mat hir zesummen 1860 an Italien op. 1982 gouf déi lescht Minière zougemaach.

Wirtschaft a Verkéier

[änneren | Quelltext änneren]

Kuckeswäertes

[änneren | Quelltext änneren]
 Commons: Elba – Biller, Videoen oder Audiodateien