Stavanger

Vu Wikipedia
Wopen Kaart
Wope vu Stavanger Norwegen, Positioun vu Stavanger an Norwegen
Basisdonnéeën
Regierungsbezierk: Rogaland
Koordinaten: 58° 58' 12" N, 5° 42' 36" O
Fläch: 71,2 km²
Awunner: 114.401 (2005)
Bevëlkerungsdicht: 1.650 Awunner pro km²
Offiziell Sproochform: Bokmål
Offiziell Websäit: stavanger.kommune.no
Politik
Buergermeeschter: Leif Johan Sevland (H)
Den Doum vu Stavanger
Holzhaiser an der Alstad vu Stavanger
Hafe vu Stavanger

Stavanger [staˈvaŋər] ass mat 114.401 Awunner (Stand: 2005) déi véiertgréisste Stad vun Norwegen. Et läit am Nord-Jæren an der Fylke (Provënz) Rogaland. Stavanger huet säi Stadrecht 1120 kritt, wéi mam Bau vum Doum ugefaange ginn ass. D'Stad ass och eng eegestänneg Gemeng.

Vill international Pëtrolsgesellschaften hunn hire Sëtz zu Stavanger, dorënner och die gréisst norwegesch Entreprise Statoil. Déi meescht Pëtrolsreservë vun Norwegen leien nämlech eppes 300 km westlech vu Stavanger an der Nordséi. 1999 gouf den Norwegeschen Uelegmusée ageweit. D'Stad ass ausserdeem duerch hir Produktioun vu Konserve bekannt. An de 50er Jore gouf et méi wéi 50 Konservefabrécken an der Stad. Déi lescht gouf awer 2002 zougemaach. An der gréisster Siidlung vun Holzhaiser an der Alstad existéiert an enger fréierer Konservefabréck och e Konservemusée (Hermetikkmuseum).

E Puer Kilometer baussent der Stad läit de Sola-Airport, den drëttgréisste Fluchhafe vun Norwegen (IATA-Code: SVG). Hie gëtt haaptsächlech als Dréischeif tëscht de Buerplattformen un der Küst an dem internationale Fluchnetz benotzt. Den ale Stadzenter bei Øvre an Nedre Strandgate ass duerch wäiss ugestrachen Holzhaiser aus dem 18. and 19. Joerhonnert markéiert. Am Mëttelpunkt vun der Stad steet den Doum (Stavanger domkirke), dee no dem Doum vun Trondheim dat zweetgréisst romanescht Kirchegebai an Norwegen ass.

No bei der Stad sinn och vill Schigebidder.

All Joer am Mee gett och de MaiJazz-Festival ofgehalen, e grousst internationaalt Fest fir Jazzmusek, ausserdeem Ufang August den Internationale Kammermusik-Festival.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Stavanger – Biller, Videoen oder Audiodateien