Galdhøpiggen

Vu Wikipedia
Vue vum Galdhøpiggen

De Galdhøpiggen gehéiert zu de Jotunheimen-Bierger an ass mat 2.468 m den héchste Bierg an Norwegen an a Skandinavien.

De Bierg läit an der Gemeng Lom am Oppland Fylke.

De Galdhøpiggen gouf déi éischt Kéier 1850 vum Steinar Sulheim, S. Flaatten an dem L. Arnesen erklommen.

Fir en Alpinist mat Experienz ass et relativ liicht op Spëtzt vum Galdhøpiggen ze kommen. Bis den Tëschestopp bei der 'Juvasshütta op 1850 Meter sinn et nëmme 4 Stonne Foussmarsch. Ass een dees net gewëllt gëtt et och d'Méiglechkeet den Auto bis bei d'Kabaischen ze huelen (vun der Uertschaft Lom aus 40 Minutten). D'Strooss ass déi héchst an Norwegen.

Vun der Juvasshütta geet et da weider géi biergop. Fir ganz bis op d'Spëtzt ze komme muss een de Gletscher Styggebreen iwwerwannen (zirka 5 Stonne klammen).

Bei guddem Wieder huet een am Summer vu ganz uewen aus eng wonnerbar Vue op en Areal vu 35000 km².

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Galdhøpiggen – Biller, Videoen oder Audiodateien