Mjøsa
Ausgesinn
|
| |
| Land | Norwegen |
|---|---|
| Verwaltungseenheet | Gjøvik |
| Länner um Uwänner | Norwegen |
| Fläch | 369,322128 km² |
| Héicht. i. M. | 123,2 m |
| Koordinaten | 60°40'N, 11°0'O |
|
| |
De Mjøsa ass mat enger Fläch vun 365 km² de gréisste Séi an Norwegen. De Séi läit op 123 Meter, ass 117 km laang an huet e Volume vu 56,24 km³. Seng maximal Breet vu 15 km huet e bei Hamar. Do läit och d'Helgøya, seng gréisst Insel.
17 Flëss, klenger a grousser, lafen an de Mjøsa. De wichtegsten ass de Gudbrandsdalslågen an huet bei Lillehammer seng Mëndung.
De Waasserstand vum Mjøsa gëtt reguléiert an huet zanter 1961 e relativ konstanten Niveau.
De Séi ass an Norwege fir seng räich Fëschreserve bekannt. Pro Saison ginn 150-200 Tonne Fësch aus dem Mjøsa gezunn.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Mjøsa – Biller, Videoen oder Audiodateien |
