Bouvetinsel

Vu Wikipedia
Bouvetinsel
Bouvetøya
De Kap Valdivia op der Bouvetinsel
Geographie
Kontinent Antarktika
Land Norwegen
Läit an/am Atlanteschen Ozean
Koordinaten 54°25'12"S, 3°21'36"O
Fläch 49 km²
Längt 9 km
Breet 7,5 km
Héchste Punkt Olavtoppen (780 m)
Verwaltung
Verwaltungseenheet Norwegen
Demographie
Awunner 0
Aner Informatiounen
Entdeckt 1. Januar 1739
Genannt no Jean-Baptiste Charles Bouvet de Lozier
Zäitzon UTC±0
Internet TLD .bv

D'Bouvetinsel [buˈve-] (norwegesch Bouvetøya) ass eng onbewunnt Vulkaninsel um Südatlantesche Réck, ronn 2.500 Kilometer südwestlech vum südafrikanesche Kap vun der Gudder Hoffnung. Zesumme mat e puer Nieweninselen a -fielsen, dorënner Larsøya, Store-Kari a Litle-Kari, ass et ee Gebitt dat vun Norwegen ofhänkt (norwegesch Biland), dat awer net als Deel vum Kinnekräich Norwegen gëllt.

D'Bouvetinsel gehéiert zu den entleeënsten Inselen op der Welt, an ass eng vun deenen, déi am schwieregsten z'erreeche sinn. Den nooste Kontinent ass d'Antarktis (Kap Sedow, Kinnigin-Maud-Land), gutt 1.700 km südlech dovun.

D'Insel ass 9 km laang a bis zu 7,5 km breet an huet eng Fläch vun 49 km², wouvun 93 % Gletscher sinn.

d'Westküst vun der Bouvetinsel
d'Westküst vun der Bouvetinsel

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Bouvetinsel – Biller, Videoen oder Audiodateien