Nordkap

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat enger Plaz an Norwegen. Fir d'Provënz a Südafrika, kuckt wgl. Provënz Nordkap.
Den Nordkap

Den Nordkap (engl.: North Cape) ass ee Punkt an Norwegen, vun deem dacks gesot gëtt, et wier de Punkt an Europa, deen am wäitsten am Norde läit. Ganz stëmmt dat awer net, well an der Noperschaft gëtt et de Punkt Knivskjellodden, deen nach 1.500 m méi am Norden läit, mä schwéier zougänglech ass. Nordkap ass eng Gemeng déi zum Bezierk Finnmark gezielt gëtt. Vun där Gemeng, déi zu engem groussen Deel op der Insel Magerøya läit, liewen déi meescht Awunner an der Uertschaft Honningsvåg, e klengen Hafen, deen déi meescht vun den 200.000 Touristen, déi all Joer op den Nordkap kommen, als Ausgangspunkt fir hir Visitt op den Nordkap benotzen.

Den Nordkap gëtt vun engem 307 m héije Fiels gebilt, dee géi aus dem Mier erraussteet. Den Nordkap gouf bekannt duerch den Entdecker Richard Chancellor, deen am Joer 1553 no engem Schëffswee am Sënn vun engem Nordostpassage gesicht huet.

Fotoen[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Nordkapp – Biller, Videoen oder Audiodateien