Op den Inhalt sprangen

Irescht Pond

Vu Wikipedia
Irescht Pond
Typ fréier Wärung
Land Irland
ISO-Code IEP
Zentralbank Iresch Zentralbank
Agefouert 20. August 1927
Ofgeschaaft 31. Dezember 2001
ersat mat Euro

D'Irescht Pond (IEP) war vum 20. August 1927 bis den 31. Dezember 2001 déi offiziell Wärung vun Irland. Si gouf den 1. Januar 2002 mam Euro ersat, nodeems Irland der Eurozon bäigetruede war.

1 Pond war an 100 Pence ënnerdeelt.

D'Irescht Pond gouf 1928, kuerz no der Onofhängegkeet als Wärung agefouert. Bis den 29. Mäerz 1979 war d'Irescht Pond am Verhältnis 1:1 un d'brittescht Pond gebonnen. Den 30. Mäerz 1979 gouf dunn e Wiesselcours agefouert.

Wéi den Ëmtoschwäert zum Euro festgeluecht gouf, gouf dee mat 1 EUR = 0,787564 IEP fixéiert.

 Commons: Irescht Pond – Biller, Videoen oder Audiodateien