Eurobilljeeën

Vu Wikipedia

Den Euro, d'gemeinsam Wärung vun 19 Memberstaate vun der Europäescher Unioun, zirkuléiert a Form vu 7 verschiddene Billjeeën (donieft gëtt et 8 verschidde Mënzen). Déi éischt Serie dovu gouf den 1. Januar 2002 an Ëmlaf bruecht.

Am Oktober 2006 ware bal 11 Milliarde Schäiner, mat engem Wäert vu bal 590 Milliarden Euro, am Ëmlaf.

Zanter 2013 gëtt eng nei Serie an Ëmlaf bruecht, déi déi al no an no ersetze soll. Ugefaange gouf mam 5-Euro-Schäin.

Ausgesinn[änneren | Quelltext änneren]

Serie vun 2002[änneren | Quelltext änneren]

Et gëtt 7 verschidde Coupuren, déi all eng aner Faarf hunn. D'Motiver dorop representéieren d'Geschicht vun den europäeschen Architekturstiler. Op der viischter Säit, dem Recto, si Fënsteren a Paarten ze gesinn, op der Récksäit, dem Verso, Brécken. Des solle Verbonnenheet an Oppenheet symboliséieren. Entworf huet se den Éisträicher Robert Kalina.

Op alle Billjeeë sinn den europäesche Fändel, d'Initiale vun der Europäescher Zentralbank a 5 Varianten (BCE, ECB, EZB, EKT, EKP), d'Ënnerschrëft vum President vun der Zentralbank, den Numm Euro a laténgescher a griichescher Schrëft, an eng Kaart vun Europa op der Récksäit.

Beschreiwung vun den Eurobilljeeën
Numm Dimensiounen Haaptfaarf Architektur Epoch Positioun vum Plackecode
€ 5
120x60,0 mm
Gro
€ 10
125x62,5 mm
Rout
€ 20
130x65,0 mm
Blo
€ 50
140x70,0 mm
Orange
€ 100
145x72,5 mm
Gréng
€ 200
150x75,0 mm
Giel-Brong
Eisen & Glas

Serie vun 2013[änneren | Quelltext änneren]

D'Faarwe vun der neier Serie, déi "Europa"-Serie genannt gëtt, bleiwen déi nämmlecht wéi déi vun der éischter. Och d'Motiver (Brécken a Fënsteren) bleiwen onverännert, just den allgemengen Design gëtt liicht anescht (méi kräfteg Faarwen, d'Zuele sinn uewe méi grouss, d'Wuert "Euro" steet och op Kyrillesch do, vum 20er un ass eng "Siichtfënster" dran, asw.).

Als éischte Schäi gouf dee vu 5 Euro vum Abrëll 2013 un no an no ersat (déi am alen Design halen nach eng Zäitchen hir Gëltegkeet), am September dat Joer drop koum dee vun 10 Euro un d'Rei, an am November 2015 den Zwanzeger. De Fofzeger koum am Summer 2017 eraus, an d'Schäiner vun 100 an 200 Euro kommen am Fréijoer 2019 an Zirkulatioun. De 500er gëtt net erneiert, an d'Billjeeën an där Denominatioun ginn no an o aus dem Verkéier gezunn.

Wou gouf de Schäi gedréckt, a wien huet en erausginn?[änneren | Quelltext änneren]

Anescht wéi d'Euromënzen hunn d'Eurobilljeeë keng national Säit, déi géif weisen, vu wou de Billjee hierkënnt. Dofir kann een um Buschtaf virun der Seriennummer gesinn, wat fir eng National Zentralbank de Schäin erausginn huet.

Code vun der nationaler Zentralbank
Code Land Code Land
Z
Belsch
Y
Griicheland
X
Däitschland
W
Dänemark
V
Spuenien
U
Frankräich
T
Irland
S
Italien
R
Lëtzebuerg
Q
Net verginn
P
Holland
O
Net verginn
N
Éisträich
M
Portugal
L
Finnland
K
Schweden
J
Vereenegt Kinnekräich
H
Slowenien
G
Zypern
F
Malta
E
Slowakei
D
Estland
C
Lettland Lettland
B
Litauen

D'Buschtawe W, K a J si reservéiert fir déi Länner, déi den Euro nach net agefouert hunn.

Op der viischter Säit verstoppt ass de Code, duerch deen d'Dréckerei z'erkennen ass: de Plackecode. An der éischter Tabell uewe steet, wou de Code ze fannen ass. De Buschtaf steet fir d'Dréckerei (kuckt hei drënner) D'Coden A, C an S si reservéiert fir Dréckereien, déi bis ewell keng Billjeeën drécken. D'Dréckerei muss net noutwennegerweis an deem Land sinn, dat de Billjee erausgëtt: Sou sinn z. B. verschidde finnesch Euroschäiner an enger englescher Dréckerei gedréckt ginn. De Buschtaf an d'Ziffer um Wupp vum Code ginn un, wou de Schäin um Drockbou war: A1 ass uewe lénks, J6 ass ënne riets.

Dréckerei-Kennung
Code Dréckerei Uertschaft Staat
A
Bank of England Printing Works Loughton Groussbritannien
B
net a Gebrauch --- ---
C
AB Tumba Bruk Tumba Schweden
D
Setec Oy Vantaa Finnland
E
F. C. Oberthur Chantepie Frankräich
F
Österreichische Banknoten und Sicherheitsdruck GmbH Wien Éisträich
G
Johan Enschedé & Zn. Haarlem Holland
H
De la Rue Gateshead Groussbritannien
I
net a Gebrauch --- ---
J
Banca d'Italia Roum Italien
K
Central Bank of Ireland Dublin Irland
L
Banque de France Chamalières Frankräich
M
Fábrica Nacional de Moneda y Timbre Madrid Spuenien
N
Bank of Greece Athen Griicheland
O
net a Gebrauch --- ---
P
Giesecke & Devrient München & Leipzig Däitschland
Q
net a Gebrauch --- ---
R
Bundesdruckerei Berlin Däitschland
S
Danmarks Nationalbank Kopenhagen Dänemark
T
Banque Nationale de Belgique Bréissel Belsch
U
Valora Carregado Portugal

Biller vun de Billjeeën[änneren | Quelltext änneren]

Eischt Serie[änneren | Quelltext änneren]

Viischt Säit (Recto) Wäert Hënnescht Säit (Verso)
€ 5
€ 10
€ 20
€ 50
€ 100
€ 200
€ 500

Zweet Serie[änneren | Quelltext änneren]

Vun 2014 u koum, beim Fënnefter ugefaangen, all Joers en neie Billjee eraus, deen no an no déi al ersetze soll.

Viischt Säit (Recto) Wäert Hënnescht Säit (Verso)
€ 5
€ 10
€ 20
€ 50
€ 100
€ 200

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Eurobilljeeën – Biller, Videoen oder Audiodateien
Portal EU – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'Europäesch Unioun.