Europa (Mythologie)

Vu Wikipedia
Dëse Mythologiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Europa ass eng Figur aus der griichescher Mythologie. D'Geschicht vum Europa a vum Zeus gëtt et an e puer Versiounen, wéi dat bei ville Mythen de Fall ass. Sou ass hei z. B. de Stéier mol schluetwäiss, mol brong, mol schwaarz oder d'Europa ass entweeder eleng beim Mier oder gëtt vu Frëndinne begleet. Mä de Kär vun der Erzielung bleift ëmmer de selwechten.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Europa war déi wonnerschéin Duechter vum phenizesche Kinnek vun Tyros a Sidon, dem Agenor, a senger Fra Telephassa. Hir Bridder waren de Kadmos, de Cilix, de Phoenix an den Thasus.

Enges nuets hat d'Europa en Dram. Zwee Länner a Gestalt vun zwou Fraen hu sech ëm si gestridden. Déi eng, "Asien" hätt se gär bei sech gehalen, déi aner "d'Land géintiwwer" wollt si op Uerder vum Zeus op d'Mier erauszéien.

Wéi d'Prinzessin moies erwächt ass, huet si decidéiert bei d'Mier ze goen. Den Zeus, den Ieweschte vun de griichesche Gëtter huet si erbléckt wéi s'am Gaang war Blummen ze plécken a Kränz ze maachen an huet sech direkt a si verléift.

Fir un d'Europa erunzekommen (an och fir dat seng jalous Fra Hera näischt sollt an Uecht huelen) huet den Zeus sech dunn an e Stéier verwandelt, ass op si duergaangen, an huet sech virun hir Féiss geknéit. Well de Stéier sou zoutraulech war huet d'Europa keng Angscht kritt, huet him e Blummekranz ëm d'Hare geluecht, a sech dunn op säi Réck gesat.

Op eemol ass de Stéier ugaangen, ass mam Europa an d'Mier erageschwommen an huet net mat Schwammen opgehale bis s'op der Insel Kreta ukomm sinn, wou den Zeus sech z'erkenne ginn huet. Hie verwandelt sech zeréck a seng mënschlech Gestalt a verféiert d'Europa.

D'Europa huet mam Zeus dräi Kanner: de Minos, de Rhadamanthys an de Sarpedon. Nodeem hie si verlooss huet, huet se de Kinnek vu Kreta, den Asterius bestuet.

D'Entféierung vun der Europa vum Tizian

Konscht[änneren | Quelltext änneren]

D'Geschicht vum Europa huet eng ganz Rei Kënschtler inspiréiert.

  • 1470: "D'Entféierung vum Europa" vum Liberale da Verona (Panneau - 39 cm x 118 cm - Paräis, musée du Louvre)
  • tëscht 1465 an 1494: "Den Ëmzuch vum Thetys" vum Bartolomeo di Giovanni ass op engem "coffret de mariage", d'Europa an de Stéier sinn Deel vum Ëmzuch (Panneau, 42,7 cm x 150 cm - Paräis, musée du Louvre)
  • 1503: "De Kampf vun der Léift an der Keuschheet" vum Pérugin wou d'Europa an de Stéier am Hannergrond ze gesi sinn (Ueleg op Léngen - 160 cm x 191 cm - Paräis, musée du Louvre)
  • 1632: "D'Entféierung vum Europa" vum Rembrandt, Dutch, (Ueleg op Panneau, - 62,2 cm x 77 cm - Los Angeles - Getty Museum)
  • 1559-1562: "D'Entféirung vun der Europa" vum Tiziano Vecellio, genannt Titian, (Ueleg op Léngen - 58 x 96 cm - Isabella Stewart Gardner Museum, Boston). Eng vum Rubens gemoolte Copie hänkt am Prado zu Madrid.
  • ...

Verschiddenes[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Europa (mythology) – Biller, Videoen oder Audiodateien