(52) Europa

Vu Wikipedia
(52) Europa
Eegenschafte vum Orbit
Orbittyp Haaptasteroidenceinture
Bezuchspositioun Equinoxe: J2000.0
Grouss Hallefachs 3,101 A.E.
Exzentrizitéit 0,102
Sideresch Ëmlafzäit 5 a 164 d
Mëttel Bunnvitess 16,87 km/s
Inklinatioun 7,466 Grad
Physikalesch Eegenschaften
Duerchmiesser 360 × 315 × 240 km
Mass 5,2×1019
Mëttel Dicht 3,6 g/cm³
Rotatiounsperiod 0,2347 Deeg
Albedo 0,058
Absolut Hellegkeet 6,67
Spektralklass C
Entdeckung
Entdecker Hermann Mayer Salomon Goldschmidt
Entdeckungsdatum 4. Februar 1858
Plaz Paräis
Aner Bezeechnungen 1948 LA


Den (52) Europa ass en Asteroid vun der Haaptasteroidenceinture, deen de 4. Februar 1858 vum Hermann Mayer Salomon Goldschmidt entdeckt gouf. Den Asteroid gouf no der Prinzessin Europa aus der griichescher Mythologie genannt.

Den Europa beweegt sech an engem Ofstand vun 2,75 (Perihel) bis 3,43 (Aphel) astronomeschen Eenheeten, a 5,45 Joer ëm d'Sonn. D'Bunn ass 7,5° géint d'Ekliptik geneigt, d'Bunnexzentrizitéit ass 0,102.

Mat engem Duerchmiesser vun 289 km ass den Europa ee vun de gréissten Asteroide vun der Haaptceinture. Den Asteroid huet eng donkel Uewerfläch an eng Albedo vun 0,058.

Okkultatioun vum 3. Juli 2011[änneren | Quelltext änneren]

Den 3. Juli 2011 war eng rar Bedeckung (Okkultatioun) vun engem Fixstär am Stärebild Virgo. D'Bedeckung vum Stär hat bis zu 17,9 Sekonne gedauert a war an Nordamerika ze gesinn. Aus villen, exakten Observatioune vun der Stärebedeckung léisst sech d'Form an d'Gréisst vum Asteroid genee bestëmmen[1].

Aspekter[änneren | Quelltext änneren]

Stationär
da réckleefeg
Oppositioun Oppositioun
Distanz
Oppositioun
Hellegkeet
Stationär
da rechtleefeg
Konjunktioun
27. Juni 2013 18. August 2013 2,33733 AE 10,9 mag 11. Oktober 2013 21. März 2014
18. September 2014 5. November 2014 1,98249 AE 10,5 mag 27. Dezember 2014 22. Juni 2015
27. Dezember 2015 11. Februar 2016 1,83583 AE 10,0 mag 29. Mäerz 2016 2. Oktober 2016

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. http://www.nasa.gov Join NASA in Measuring an Asteroid Gekuckt den 3. Juli 2011