Op den Inhalt sprangen

Éisträichesche Schilling

Vu Wikipedia
1 Schilling

Den Éisträichesche Schilling (ATS) war vun 1925 bis 1938 a vun 1945 bis den 31. Dezember 2001 déi offiziell Wärung vun Éisträich. E gouf den 1. Januar 2002 mam Euro ersat, nodeems Éisträich der Eurozon bäigtruede war.

1 Schilling war an 100 Groschen ënnerdeelt.

Den Éisträichesche Schilling gouf 1925 agefouert an huet déi Éisträichesch-Ungaresch resp. Éisträichesch Kroun, wéinst der héijer Inflatioun, ersat. Nom „Anschluss“ un Däitschland, am Joer 1938, gouf den Éisträichesche Schilling mat der Reichsmark ersat. Wéi 1945 d'Däitscht Räich vun 1933 bis 1945 zesummegefall ass, gouf den Éisträichesche Schilling nees agefouert.

Wéi den Ëmtoschwäert zum Euro festgeluecht gouf, gouf dee mat 1 EUR  = 13,7603 ATS fixéiert.

Commons: Éisträichesche Schilling – Biller, Videoen oder Audiodateien