Op den Inhalt sprangen

Finnesch Mark

Vu Wikipedia
1 Mark, 1988

D'Finnesch Mark (op Finnesch:Suomen markka) (FIM) war vum 4. Abrëll 1860 bis den 31. Dezember 2001 déi offiziell Wärung vu Finnland. Si gouf den 1. Januar 2002 mam Euro ersat, nodeems Finnland der Eurozon bäigetruede war.

1 Pond war an 100 Penniä (Pfennig) ënnerdeelt.

D'Finnesch Mark gouf als éischt 1863 als Mark agefouert. Kuerz drop hat Finnland de Krich géint Russland verluer, a gouf an d'Russescht Zareräich agegliddert. D'Mark gouf mam Rubel ersat. 1917 gouf Finnland nees onofhängeg, nodeems d'Russescht Zareräich op en Enn koum. Nom Zweete Weltkrich hat d'Wärung eng staark Inflatioun a gouf 1963 reforméiert. Déi fréier 100 Cent goufen 1 Mark.

Wéi den Ëmtoschwäert zum Euro festgeluecht gouf, gouf dee mat 1 EUR  = 5,94573 FIM fixéiert.

Nennwäert Bild
10 Mark 10 Mark Recto Paavo Nurmi (1897–1973), Liichtathleet
20 Mark 20 Mark Recto Väinö Linna (1920–1992), Auteur
50 Mark 50 Mark Recto Alvar Aalto (1898–1976), Architekt an Designer
100 Mark 100 Mark Recto Jean Sibelius (1865–1957), Komponist
500 Mark 500 Mark Recto Elias Lönnrot (1802–1884), Schrëftsteller, Philolog an Dokter
1000 Mark 1000 Mark Recto Anders Chydenius (1729–1803), Pfarrer, Politiker, Ökonom a Philosoph
Commons: Finnesch Mark – Biller, Videoen oder Audiodateien