Op den Inhalt sprangen

Griichesch Drachme

Vu Wikipedia
Griichesch Drachme
Typ fréier Wärung
Land Griicheland
ISO-Code GRD
Zentralbank Bank vu Griicheland
Agefouert 8. Februar 1833
Ofgeschaaft 1. Januar 2002
ersetzt Griichesche Phönix
ersat mat Euro
verschidde vun Dracma

D'Griichesch Drachme (GRD) war vum 8. Februar [1833]] bis den 31. Dezember 2001 déi offiziell Wärung vu Griicheland. Si gouf den 1. Januar 2002 mam Euro ersat, nodeems Griicheland der Eurozon bäigetruede war.

1 Drachme war an 100 Lepta ënnerdeelt.

D'Griichesch Drachme gouf 1831 als Wärung agefouert, an huet déi viregt Wärung, de Phönix ofgeléist. Griicheland konnt den Euro als Buchwärung eréischt den 1. Januar 2001 aféieren, well et virdrun nach net d'Konvergenzkrittären erfëllt hat.

Wéi den Ëmtoschwäert zum Euro festgeluecht gouf, gouf dee mat 1 EUR = 340,750 GRD fixéiert.

Nennwert Recto Verso Faarf Motiv
200 Drachmen (Serie 3)

(≈ 0,59 €)

orange-rosa Recto: Rigas Velestinlis (1757–1798), Revolutionär

Verso: geheim griichesch Schoul wärend der Osmanescher Besetzung

1.000 Drachmen (Serie 2)

(≈ 2,93 €)

gro-brong Recto: Apollon (Gott vun der griichescher a réimescher Mythologie)

Verso: En Diskuswerfer um Heratempel zu Olympia

5.000 Drachmen (Serie 3)

(≈ 14,67 €)

blo-gro-brong Recto: Theodoros Kolokotronis (1770–1843), Fräiheetskämpfer a Generalfeldmarschall bei der Griicheschen Revolutioun

Verso: Panorama vum Duerf Karitena

10.000 Drachmen (Serie 3)

(≈ 29,35 €)

mof Recto: Georgios Papanikolaou (1883–1962), Patholog

Verso: Bild vum Asklepios, griichesche Gott vun der Heilkunst

 Commons: Griichesch Drachme – Biller, Videoen oder Audiodateien