Wim Duisenberg

Vu Wikipedia
Wim Duisenberg
Gebuertsnumm Willem Frederik Duisenberg
Gebuer 9. Juli 1935
Heerenveen
Gestuerwen 31. Juli 2005
Faucon
Doudesursaach Häerzschwächt
Nationalitéit Holland
Educatioun Universitéit Groningen
Aktivitéit Ekonomist, Banquier, Politiker, Professer, Universitéitsprofesser
Famill
Kanner Pieter Duisenberg

De Willem Frederik Duisenberg gebuer den 9. Juli 1935 zu Heerenveen a gestuerwen den 31. Juli 2005 zu Faucon a Frankräich) war en hollänneschen Ekonomist a vun 1998 bis 2003 President vun der Europäescher Zentralbank.

Hien huet zu Groningen Ekonomie studéiert an iwwer d'Thema "Ekonomesch Konsequenze vun der Ofrëschtung" promovéiert. Hie war vun 1973 bis 1977 hollännesche Finanzminister, duerno Vizepresident vun der Rabobank Nederland B.V. a vun 1982 bis 1994 President vun der hollännescher Zentralbank.

Den 2. Mee 1998 gouf e vum Europäesche Conseil zum 1. President vun der Europäescher Zentralbank designéiert an huet dëst Amt den 1. Juni 1998 ugetrueden. Den 1. November 2003 ass en, nodeems den Euro mat Succès agefouert war, virum Oflaf vu sengem 8-järege Mandat zu Gonschte vum Jean-Claude Trichet zeréckgetrueden. Seng Ënnerschrëft steet op allen Eurobilljeeën, déi bis 2003 gedréckt goufen.

De Wim Duisenberg ass an der Schwämm vu sengem Haus zu Faucon, (Vaucluse), dout opfonnt ginn. Hien hat en Häerzschlag kritt.

De Wim Duisenberg war bestuet an hat zwéi Jongen an eng Duechter aus engem éischte Bestietnes.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Wim Duisenberg – Biller, Videoen oder Audiodateien