Wiesselcoursmechanismus II

Vu Wikipedia
Kaart vun den Europäesche Staaten mam Bezug zum Euro (Stand 1. Januar 2023)
Hellblo: Eurozon
Orange: WCM-II-Member, mat engem Opt-out
Hellgréng: WCM-II-Member
Giel: EU-Memberen, déi den Euro aféiere mussen
Rosa: Länner, déi den Euro mat offiziellem Accord agefouert hunn
Gréng: Länner, déi den Euro vu sech aus als Wärung agefouert hunn

De Wechselcoursmechanismus II (ofgekierzt WCM II; (Englesch: European Exchange Rate Mechanism II, ERM II) ass zanter dem 1. Januar 1999 e Wiesselcourssystem, deen tëscht verschiddenen EU-Länner besteet. De WCM II leet eng Bandbreet vu ± 15 Prozent un de Leetcours vun der Wärung vun engem WCM II-Member op den Euro fest.

Dat Europäescht Wärungssystem II (EWS II), ass den Nofollger vum Europäesche Wärungssystem (EWS), dat vum 13. Mäerz 1979 bis den 31. Dezember 1998 bestoung.

Den Ament si Bulgarien an Dänemark am WCM II. Ee Krittär vun de Konvergenzkrittären ass, datt e Land op d'mannst zwee Joer am WCM II si muss, ier et den Euro aféiere kann.

Memberen[änneren | Quelltext änneren]

Aktuell Memberen[änneren | Quelltext änneren]

Membere vum Wiesselcoursmechanismus II
Land Wärung ISO 4217 Leetcours (1 EUR =) D'Garantéiert Wiesselcoursbandbreet WCM-II-Bäitrëtt Spärdelai fir d'Euro-Aféierung (Geplangten) Euro-Aféierung
Bulgarien Bulgaresche Lew BGR 1,95583 ± 15 % (béidsäiteg) 10. Juli 2020 ofgelaf 1. Januar 2025
Dänemark Dänesch Kroun DKK 7,46038 ± 2,25 % (béidsäiteg) 1. Januar 1999 ofgelaf keng aktuell Pläng

Nach net bäigetrueden EU-Länder[änneren | Quelltext änneren]

Fënnef Membere vun der EU sinn nach keng Membere vun der Eurozon oder dem WCM II: Polen, Rumänien, Schweden, Tschechien an Ungarn. Déi fënnef EU-Memberen hu sech verflicht, den Euro anzeféieren.

Kaart vun den EU-Wärungen (Stand: 1. Januar 2023)
Zukünfteg Memberen vum WCM II
Land Wärung ISO 4217 Ëmrechnungscours (1 EUR =) Geplangt
Polen Złoty PLN 4,2835 Kee Bäitrëtt geplangt
Rumänien Rumänesche Leu RON 4,9677 Bäitrëtt fir 2027 geplangt (Euro-Aféierung fir 2029 geplangt)
Schweden Schweedesch Kroun SEK 11,526 Kee Bäitrëtt geplangt
Tschechesch Republik Tschechesch Kroun CZK 25,286 Kee Bäitrëtt geplangt
Ungarn Forint HUF 390,1 Kee Bäitrëtt geplangt

Fréier Memberen[änneren | Quelltext änneren]

De WCM II huet sech als e stabilt Wiesselcours-Arrangement erwisen. Zanter 1999 misst nëmmen de Leetzëns vun der Slowakescher Kroun zwee kéieren ugepasst ginn. D'Leetcoursse vun de sechs weidere Länner, déi den Euro agefouert hunn, misste wärend der WCM-II-Memberschaft net geännert ginn.

Fréier Memberen vum Wiesselcoursmechanismus II
Land Wärung ISO 4217 WCM-II-Bäitrëtt Euro-Bäitrëtt Ëmrechnungscours (1 EUR =)
Estland Estesch Kroun EEK 27. Juni 2004 1. Januar 2011 15,6466
Griicheland Griichesch Drachme GRD 1. Januar 1999 1. Januar 2001 340,750
Kroatien Kroatesch Kuna HRK 10. Juli 2020 1. Januar 2023 7,53450
Litauen Lettesche Lats LVL 29. Abrëll 2005 1. Januar 2014 0,702804
Lettland Litauesche Litas LTL 28. Juni 2004 1. Januar 2015 3,4528
Malta Malteesesch Lira MTL 29. Abrëll 2005 1. Januar 2008 0,429300
Slowakei Slowakesch Kroun SKK 28. November 2005 1. Januar 2009 30,1260*
Slowenien Sloweeneschen Tolar SIT 27. Juni 2004 1. Januar 2007 239,640
Zypern Zypriotescht Pond CYP 29. Abrëll 2005 1. Januar 2008 0,585274

* entsprécht dem leschten an zanter dem 29. Mee 2008 gëltegen, WCM-II-Leetcours (Leetcours vum 19. Mäerz 2007 bis den 28. Mee 2008: 35,4424; virdrun: 38,4550)

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]