Forint
Ausgesinn
De Forint (HUF) ass zanter 1946 déi offiziell Wärung vun Ungarn.
1 Forint ass an 100 Fillér ënnerdeelt.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]De Forint war vun 1921 bis 1924 d'Wärung an Ungarn. E gouf 1924 mam Pengő ersat. 1946 gouf de Forint nom Zerfall vum Nazidäischland erëm agefouert.
Billjeeën am Ëmlaf
[änneren | Quelltext änneren]Wäert | Motiv Recto |
Motiv Verso |
Beschreiwung Recto |
Beschreiwung Verso |
---|---|---|---|---|
500 Forint | ![]() |
![]() |
Portrait vum Ferenc II. Rákóczi, gemoolt vum Adam Manyoki | D'Buerg Rákóczi zu Sárospatak |
1000 Forint | ![]() |
![]() |
De Kinnek Matthias Corvinus | Den Herkules-Buer um Schlass zu Visegrád |
2000 Forint | ![]() |
![]() |
De Fürst Gábor Bethlen | De Gabor Bethlen mat senge Wëssenschaftler, gemoolt vum Viktor Madarász |
5000 Forint | ![]() |
![]() |
Portrait vum Staatsreformer István Széchenyi, gemoolt vum Friedrich von Amerling | D'Schlass Széchenyi zu Nagycenk |
10000 Forint | ![]() |
![]() |
De Kinnek Stephan I. | Bléck iwwer Esztergom, gemoolt vum Hubert Sattler |
20000 Forint | ![]() |
![]() |
De Politiker Ferenc Deák | Aalt Regierungsgebai zu Pest |
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Forint – Biller, Videoen oder Audiodateien |