Kroatesch Kuna

Vu Wikipedia
Dësen Ekonomiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der kroatescher Kuna vun 1994 bis 2022. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Kroatesch Kuna (1941-1945).

D'Kroatesch Kuna oder och einfach Kuna (HRK) war vum 30. Mee 1994 bis den 31. Dezember 2022 déi offiziell Wärung vu Kroatien. Si gouf den 1. Januar 2023 duerch den Euro ersat, nodeems Kroatien der Eurozon bäigetruede war.

1 Kuna war an 100 Lipa ënnerdeelt.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Kroatesch Kuna gouf den 30. Mee 1994 offiziell agefouert. Si hat d'Iwwergangswärung, de Kroateschen Dinar, dräi Joer no der Onofhängegkeet vu Jugoslawien ersat.

"Kuna" heescht op Kroatesch souvill wéi Marder. Dësen Numm geet op d'Mëttelalter zeréck, wou Marderpelzer eng Zort Wärung waren.

Wéi den Ëmtoschwäert zum Euro festgeluecht gouf, gouf dee mat 1 EUR  = 7,53450  HRK fixéiert.

Als Erënnerung gouf op der nationaler Säit vun der kroatescher 1-Euro-Mënz och e Marder ofgebilt.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kroatesch Kuna – Biller, Videoen oder Audiodateien