Tamim bin Hamad al-Thani
| Tamim bin Hamad al-Thani | |
|---|---|
|
| |
| Gebuer |
3. Juni 1980 Doha |
| Nationalitéit | Katar |
| Educatioun |
Offizéieschschoul Sandhurst, Harrow School, Sherborne School |
| Aktivitéit | Politiker |
| Member vun | Internationalen Olympesche Kommitee |
| Auszeechnungen | Grand officier de la Légion d'honneur, Chevalier grand-croix vum Ordre du Mérite vun der italieenescher Republik, Uerde vun der Republik Tunesien, Wäissen Aadleruerden, Order of the Bath, Chrëschtuerden |
| Bestuet mat |
Jawaher bint Hamad Al Thani, Al-Anud bint Mana al-Hadschri, Noora bint Hathal Al Dosari |
|
| |
De Scheich Tamim bin Hamad Al Thani (ar.: تميم بن حمد آل ثاني) gebuer den 3. Juni 1980 zu Doha, Katar, ass zanter dem Juni 2013 Staatschef vum Emirat Katar.
Den Tamim bin Hamad Al Thani huet 1998 op der Royal Military Academy Sandhurst säi Schoulofschloss gemaach. 2003 gouf en zum Nofollger vu sengem Papp designéiert. Hien ass ë. a. President vum Nationalen Oylmpesche Comité a Member vum IOC (zanter 2002), sou wéi President vum Ieweschte Bildungsconseil vum Katar an och soss am Directoire vu verschiddenen Organisatiounen.[1]
De 25. Juni 2013 huet säi Papp, den Hamad bin Chalifa Al Thani als Staatschef ofgedankt a säi Jong als Nofollger agesat. Den Tamim ass och Kommandant en Chef vun der katarescher Arméi.[2]
Hien huet zwou Fraen a sechs Kanner.
