Tamim bin Hamad al-Thani

Vu Wikipedia
Tamim bin Hamad al-Thani
Gebuer 3. Juni 1980
Doha
Nationalitéit Katar
Educatioun Offizéieschschoul Sandhurst,
Harrow School
Aktivitéit Politiker
Member vun Internationalen Olympesche Kommitee

De Scheich Tamim bin Hamad Al Thani (ar.: تميم بن حمد آل ثاني) gebuer den 3. Juni 1980 zu Doha, Katar, ass zanter dem Juni 2013 Staatschef vum Emirat Katar.

Den Tamim bin Hamad Al Thani huet 1998 op der Royal Military Academy Sandhurst säi Schoulofschloss gemaach. 2003 gouf en zum Nofollger vu sengem Papp designéiert. Hien ass ë. a. President vum Nationalen Oylmpesche Comité a Member vum IOC (zanter 2002), sou wéi President vum Ieweschte Bildungsconseil vum Katar an och soss am Directoire vu verschiddenen Organisatiounen.[1]

De 25. Juni 2013 huet säi Papp, den Hamad bin Chalifa Al Thani als Staatschef ofgedankt a säi Jong als Nofollger agesat. Den Tamim ass och Kommandant en Chef vun der katarescher Arméi.[2]

Hien huet zwou Fraen a sechs Kanner.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. (en)The Ruling Family
  2. Christoph Sydow: Machtwechsel in Katar: Gernegroß II. In: Spiegel Online, 25. Juni 2013.