Kuerz Chronik vum Menn Malkowitsch sengen Deeg an der Loge
Kuerz Chronik vum Menn Malkowitsch sengen Deeg an der Loge | |
---|---|
Auteur | Nico Helminger |
Erauskomm | 2017 |
Verlag | Editions Guy Binsfeld |
Sprooch | Lëtzebuergesch |
Kuerz Chronik vum Menn Malkowitsch sengen Deeg an der Loge. Erzielungen ass ee Buch vum Nico Helminger a Lëtzebuerger Sprooch, dat 2017 bei den Editions Guy Binsfeld erauskoum.
Wourëms geet et am Buch?
[änneren | Quelltext änneren]De Menn Malkowitsch ass Portier an der Entréesloge vun enger Administratioun. Dat gëtt em d'Geleeënheet, seng Gedanken, absënns seng Erënnerungen iwwer seng Entwécklung a seng Relatioune mat Aneren opzeschreiwen, an domat och seng Kommentare zu Land a Gesellschaft zum Beschten ze ginn...
Soss
[änneren | Quelltext änneren]De Genre selwer ass net esou eendeiteg, wéi säin Ënnertitel "Erzielungen"[1] et noleet: Et kéint een d'Buch och zu de Romaner oder Chroniken zielen.
2018 krut den Nico Helminger fir d'Kuerz Chronik... de Servais-Präis.
Kriticken
[änneren | Quelltext änneren]D'Elise Schmit am Lëtzebuerger Land schreift:
Kuerz Chronik[...] ist ein formal ambitionierter Roman und wirkt dennoch unangestrengt, der Text steckt voller Anspielungen, ohne gelehrt daherzukommen, er führt den Leser auf hundert verschiedene Pisten, die am Ende doch aus der Verwirrung hinausführen, die Sprache ist wuchtig, aber subtil. [...] Das Buch gehört zum Besten, was man überhaupt auf Luxemburgisch lesen kann.[2]
Op rtl.lu schreift ee Rezensent:
Nicht nur Malkowitschs' eigene Wahrnehmung, auch die Grenzen zwischen den Figuren und Erzählformen verschwimmen. Ist die Hauptfigur dieses Romans das Alter Ego des Autors Nico Helminger? Wer ist der wahre Autor? Und wer ist dieser Menn, der seine Notizhefte vollschreibt und seine Tage in der Loge verbringt? Mit Kuerz Chronik vum Menn Malkowitsch sengen Deeg an der Loge stellt der Autor alles in Frage. Augenzwinkernd parodiert er nicht nur bekannte Autoren und Luxemburger, sondern zieht den Leser in einen Strudel, so dass auch am Ende dieses großen luxemburgischen Gesellschaftsromans nicht klar ist, was wahr ist und was Einbildung.[3]
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]Nico Helminger: Kuerz Chronik vum Menn Malkowitsch sengen Deeg an der Loge. Erzielungen. 493 S. Editions Guy Binsfeld, Lëtzebuerg 2017. ISBN 978-99959-42-31-1.
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Bibliographesch Fiche op a-z.lu/
- ↑ "Rette sich, wer kann." d'Lëtzebuerger Land 12.01.2018; op land.lu.
- ↑ Nei um Bichermaart: Kuerz Chronik vum Menn Malkowitsch sengen Deeg an der Loge. rtl.lu, 20.11.2017.